Déi fréier Frist Lady Melania Trump, där hire Mann den Ament fir eng zweet Amtszäit am Wäissen Haus kandidéiert, huet an den USA hir Memoirë publizéiert.

Virun allem der 54 Joer aler gebierteger Slowenin hir Astellung zum Thema Avortement iwwerrascht. Am 256 Säiten décke Buch mam Titel "Melania" bezitt si dozou eng kloer Positioun: "D'Grondrecht vun enger Fra op individuell Fräiheet an op hiert eegent Liewe gëtt hir d'Recht, hir Schwangerschaft ofzebriechen, wa si dat wënscht." Dëst Recht anzeschränke géif deem gläichkommen, "hir d'Kontroll iwwert hiren eegene Kierper ze verweigeren."

De fréieren US-President Donald Trump, deen de 5. November op en neits untrëtt, hat wärend senger leschter Amtszäit duerch d'Nominéierung vun dräi konservative Riichter um Supreme Court mat dozou bäigedroen, datt dat Iewescht Geriicht d'Recht op Ofdreiwung no bal 50 Joer nees konnt kippen. Dëst huet dozou gefouert, datt Ofdreiwung a villen US-Bundesstaate just nach an Ausnamefäll méiglech ass.

Op senger Fra Melania hir Positioun zur Ofdreiwung ugeschwat sot de fréiere President Trump, hien hätt si encouragéiert, hir Iwwerzeegung am Buch éierlech duerzeleeën.

D'Melania Trump ass an hire Memoiren allerdéngs net op déi vill Affären a Skandaler ronderëm hire Mann agaangen, notamment Berichter iwwer Mëssbrauch oder och nach d'Bezuele vu Schweigegeld un d'Pornoactrice Stormy Daniels. Och huet déi fréier First Lady an hirem Buch d'Falschbehaaptung ënnerstëtzt, datt hire Mann d'Walen am Joer 2020 u sech gewonnen hätt. "Vill Amerikaner hu bis haut Zweiwel un der deemoleger Wal. Ech sinn net déi Eenzeg, déi d'Resultat unzweiwelt."