Méi no kann een net beim Fluchhafe schlofen

© Domingos Oliveira (RTL)
Vun der Kummer an den Terminal, mat Top-Vue op de Fluchhafen. En Donneschdeg den Owend war um Findel d'Inauguratioun vum "Moxy Hotel Luxembourg Airport".
Et ass eng Premiere. Wéi den Numm et seet, läit den Hotel, dee ganz ekologesch aus Holz gebaut ass, direkt nieft dem Lux-Airport mat Vue op de Fluchhafen. Et ass eent vun de weltwäit gréissten Hoteller aus Holz an ass Deel vum Marriott-Grupp.
Den Hotel ass och direkt mam Terminal verbonnen, dat heescht méi no kann een net um Fluchhafe schlofen. Et ass déi éischt Aktivitéit, déi am sougenannte "Skypark Business Center" opgeet, wou jo och Büroen a Restauranten deemnächst derbäi kommen.
Am Ganzen huet de Moxy eng 130 Kummeren an déi zoustänneger Ministesch, Yuriko Backes, déi en Donneschdeg den Owend bei der Aweiung dobäi war, weist sech beandrockt: "Et ass wierklech eng Première. Et ass e wonnerschéinen Hotel. En ass och ekologesch gebaut aus Holz. Ech mengen, et gëtt net vill Plazen op der Welt, wou een esou schéin a frëndlech Kummeren huet, wou een direkt Vue op e Fluchhafen huet. Ech mengen, et ass en Hotel, wou een effektiv Loscht huet, eng Nuecht ze verbréngen oder méi, wat net, mengen ech, eng normal Saach ass fir e Flughafen-Hotel."
Den Alexander Flassak, de CEO vu Lux-Airport schwätzt bei dësem Projet vun engem éischte Bausteen am "Skypark Business Center", déi nees en Deel vun der Airport City.
Och de Satya Anand, President fir Marriott an Europa, de Mëttleren Osten an Afrika war op der Ouverture dobäi, deen natierlech all Moxy-Hotel ze schätze weess, ma deen awer virun allem vun dësem Gebai um Findel extrem begeeschtert ass.