D’Fada’s Family feiert hire 46. Gebuertsdag
Si huelen de Public zënter 46 Joer mat an d’Welt vun den internationale Staren, vum Glamour a vum Entertainment!
D’Fada’s Family mécht als Travestie-Formatioun scho bal en halleft Joerhonnert laang Party-Stëmmung, där kaum ee ka widderstoen! Eis RTL-Ekipp war op alle Fall begeeschtert vun der Gala-Soirée e Samschdeg den Owend zu Keel, a mat hir, de ganze Sall.
Modern Talking, Mike a Claude-Stile…Esou al wéi eng Fouer oder eng Oktave si se zwar nach net, mee et huet een d’Gefill: d’Fada’s Family gehéiert zum Lëtzebuerger Patrimoine! Fir unzefänke schonn emol well hei Lëtzebuerger Jongen op der Bün stinn. D’Fadae maachen als Travestie-Formatioun scho bal en halleft Joerhonnert laang Party. Zesumme mat den Delux Showgirls rappe si d’Leit richteg mat an hunn en treie Fanclub – sou wéi si sech trei sinn an trei bleiwen.
Si kämpfe fir Gläichberechtegung, fir Akzeptanz, fir e Liewen ouni sech missen ze verstellen. Geschwat géif ni genuch iwwer dës Thematik. A si wieren, als Lëtzebuerger Jongen, houfreg op dat wat si maachen an op dat wat si sinn!