ClearSpace ass en Start-up-Entreprise aus der Weltraumtechnologie am d’Firma wëll mat sengem “Ofschleefdéngscht fir de Weltraum” d’Operatiounen am Weltall méi nohalteg a manner deier gestalten. D’Firma huet eng Technologie entwéckelt, déi defekt Satellitten am Weltraum afänkt a si an d’Atmosphär dirigéiert, sou datt se ofbrennen. Dës Innovatioun kéint eng nei Industrie schafen, déi vum Ofschleefen, iwwer d’Maintenance bis bei d’Tanke vu Raumgefierer am Orbit kéint goen.
De Luc Piguet, ee vun de Grënner a CEO vu ClearSpace, huet annoncéiert, datt dës Entwécklungen de Wee verännere wäerten, wéi de Weltraum an Zukunft bedriwwe gëtt. “Mir bauen hei net just eng Firma op, mä eng komplett Service-Industrie, déi d’Operatiounen am Weltraum verännere wäert,” sot hien. Hien ënnersträicht dobäi awer och d’Wichtegkeet vun der éischter Missioun. Well wann d’Welt bis gesäit, datt dëst méiglech ass, kann d’Konzept am grousse Stil ëmgesat ginn.
ClearSpace konzentréiert sech op d’Ubidde vu Service am Orbit an d’Raume vu Weltraumschrott. D’Firma entwéckelt Systemer, mat deenen een Objete kann afänken. Ma och aner Technologien ass een dobäi, z’entwéckelen. Dës sollen hëllefen, am Weltraum Saachen z’entsuergen, eng Revisioun ze maachen, ze reparéieren oder einfach nees opzetanken.
D’Entreprise schafft un enger Missioun fir déi brittesch Raumfaartagence, déi zwee Satellitten am All huet, déi net méi funktionéieren. Dës Satellitte solle sécher aus dem niddregen Äerdorbit gezu ginn an dono kontrolléiert an d’Äerdatmosphär geleet ginn, wou si ofbrenne kënnen. Wann dës Debrisen aus dem Wee geraumt ginn, stelle si kee Risiko méi fir aner Satellitten an domadder och Servicer wéi GPS, Wiederprevisiounen oder Noutkommunikatioun duer.
Doduerch, datt am niddregen Äerdorbit ëmmer méi Satellitten an och Schrott ronderëmfléien, wiisst den Interessi vu Weltraumagencen u Servicer, déi eben de Schrott ewechraumen, fir datt déi funktionéierende Satellitte manner dem Risiko ausgesat sinn, mat dësen ze kollidéieren. Der ESA no ginn et aktuell eng 44.870 Objeten am Weltraum, déi katalogiséiert sinn. Statistesch Modeller schwätze vu ronn 54.000 Objeten iwwert der Gréisst vun 10 Zentimeter, déi am Orbit ënnerwee sinn. Dobäi kommen nach 1,2 Milliounen Objeten, déi tëscht engem an zéng Zentimeter hunn an 140 Millioune Stécker, déi tëscht engem Millimeter an engem Zentimeter grouss sinn.
D’ESA warnt, datt Schrott, dee méi grouss ass wéi een Zentimeter, katastrophal Schied u Satellitte ka verursaachen oder eng Gefor fir Astronaute sinn. Ma och déi kleng Fragmenter kënnen zu Schied féieren. Och dowéinst warnt de Luc Piquet, well d’Zuel vun den Objeten, déi am Orbit ënnerwee sinn, klëmmt ëmmer weider. Ab engem Moment wäerten et der dann esou vill am Äerdorbit sinn, datt “dës orbital Héichten an e puer Joren net méi benotzbar sinn”.