D’Schëff ass 340 Meter laang an huet 19 Decks an eng Achterbunn - mat 250 Meter déi aktuell längst op engem Schëff. Virun zwee Deeg (10.3) hat d’Disney Adeventure hir éischt kommerziell Faart. D’Schëff fiert net vun Hafen zu Hafen, mee ëmmer just dräi bis véier Deeg iwwert den Ozean an dann zréck op Singapur a säin Heemechtshafen.
D’Disney Adventure ass dat aachten a bis elo gréisste Schëff vun der Disney-Flott. Mat groussen Themeberäicher wëllt et seng Gäscht mat der Magie vu Mickey Mouse a Co verzauberen. D’Schëff huet ronn 2,5 Milliarden Dollar kascht a bitt Plaz fir ongeféier 6.700 Passagéier. Et bitt Restaurante, Shows, Entertainment an op Demande och e Meet and Greet mat den Disney-Idoler op dëser schwammender Mëschung aus Croisièresschëff a Fräizäitpark.