
E Fan vum FC Barcelona wollt en Dënschdeg den Owend eigentlech op Newcastle den Auswäertsmatch vu senger Ekipp an der Champions League kucke goen. De Spuenier war extra vu London ugereest, hat an den Navi vu sengem Auto “St James Park” aginn a war dunn den Usoen no bei de Stadion gefuer.
Leider hat hien de falschen “St James’ Park” aginn a war dowéinst op Exeter gefuer, wat ronn 500 Kilometer vun Newcastle ewech läit. Réischt wéi hie beim Stadion säin Ticket gewisen hat a grouss vun de Kontrolleure gekuckt gouf, goung him e Späicherliicht op.
D’Enttäuschung war zwar grouss, mee de lokale City FC huet direkt reagéiert. Si hunn dem peinlech beréierte Spuenier spontan en Ticket fir hiren Heemmatch géint Lincoln geschenkt. Hie wier zu all Zäit bei hinne wëllkomm.