Apple, Nvidia a Microsoft sinn déi wäertvollste Firmen op der Welt

© BORIS ROESSLER DPAdpa Picture-Alliance via AFP
D'Berodungsfirma "EY", déi ënnert anerem och um Kierchbierg an der Stad e Sëtz huet, huet e Ranking vun den Top 100 wäertvollste Konzerner publizéiert.
Vun den 100 Firmen déi hei eng Plaz kritt hunn, sinn der eleng 62 aus den USA, ënnert anerem Apple, Nvidia a Microsoft, also alles Giganten aus der Tech- a Software-Branche.
Klasséiert ginn d'Entreprisen am Ranking der Bewäertung op der Bourse no. Däitschland beispillsweis ass hei mat 3 Entreprise vertrueden, nämlech SAP, Siemens an d'Deutsche Telekom. Déi wäertvollsten europäesch Firma ass de Pharmakonzern Novo Nordisk.
De Wäert op der Bourse vun den 100 déiersten Entreprisen op der Welt ass am Laf vun engem Joer dann ëm ganzer 25% geklommen an huet e Wäert vu 44,9 Billiounen Dollar bis Enn dës Joer erreecht, wat en neien Héchststand ass. Virun allem den enorme Boom ëm déi Kënschtlech Intelligenz géif dës Rekorder realiséieren. "Déi schwaach Konjunktur an déi geopolitesch Situatioun, déi sech weider zouspëtzt, schéngen dobäi an den Hannergrond ze trieden, sou den Henrik Ahlers vun EY.
D'KI-Technologien géife scho ganz geschwënn an alle Branchen an och am private Beräich breet agesat ginn an zu grousse Verännerunge féieren. Domadder verbonnen wier dann och eng riseg Mass u Geld, wouvun d'Investisseuren haut scho wëlle profitéieren, sou EY weider. Ma hei géifen awer virun allem europäesch Firmen, déi un der Bourse sinn, relativ wéineg eng Roll spillen. SAP an déi hollännesch Chip-Firma ASML sinn hei Ausnamen. Si kommen op d'Plazen 32 an 33 am Ranking. Den Henrik Ahlers betount, dass eng grouss Gefor besteet, dass Europa an dëser Saach deels den Uschloss kéint verléieren. Virun allem d'USA géifen him no "an enger anerer Liga" spillen.
Eleng Apple, mat enger Kapitaliséierung vu knapp 3,8 Billiounen Dollar, war Enn 2024 duebel sou vill wäert, wéi all 40 Entreprisen am däitschen Aktienindex zesummen.