An Indonesien ass e Vulkan ausgebrach, d'Awunner wëllen awer net fort

© AFP
No engem Vulkanausbroch an Indonesien kruten dausenden Awunner gesot, si missten d'Spärzon ronderëm de Vulkan Ibu verloossen. Ouni Succès.
Bis ewell wier just een Duerf evakuéiert ginn, sou e Spriecher vum lokale Katastropheschutz. A fënnef Dierfer géifen d'Mënsche refuséieren, hir Haiser ze verloossen. Si wieren u Vulkanausbréch gewinnt.
De Vulkan Ibu war e Mëttwoch ausgebrach an hat eng Wollek aus Äschen an Damp vu bis zu véier Kilometer Héicht an den Himmel gespaut. D'indonesesch Autoritéiten hunn dowéinst héchst Alarmstuf ausgeruff an hunn ordonéiert, dass sechs Dierfer mat am Ganze gutt 3.000 Awunner missten evakuéiert ginn.
Bis en Donneschdeg de Moien hu 517 Persoune gefollegt, all déi aner sinn net an d'Fligere geklommen, déi extra fir si bereetgestallt goufen. Et wier een dat scho gewinnt a bis elo hätt et nach ni Auswierkungen op hiert Duerf gehat, sou de Milka Sehe aus dem Duerf Todoke. "Mir wëllen net evakuéiert ginn".
Den Ibu ass ee vun den aktiivste Vulkaner an Indonesien. Zanter Juni d'lescht Joer ass seng vulkanesch Aktivitéit immens geklommen. Eleng am Januar gouf et néng Ausbréch an och en Donneschdeg gouf et der e puer.