Stécker vu Rakéit verglousen um Nuetshimmel

© Thomas Lindemann / Nord-West-Media TV / dpa Picture-Alliance via AFP
D'lescht Nuecht waren um Himmel grouss Feierbäll ze gesinn, déi a kleng Stécker zerfall sinn. Dëst war awer kee Meteorit, wéi verschidde Leit ugeholl hunn.
Virun allem iwwer Däitschland waren d'Stécker um fréie Mëttwochmoien ze gesinn, awer och zu Lëtzebuerg, wéi eis e Lieser erageschéckt huet. Vill Leit hunn direkt un e Meteorit geduecht, deen op d'Äerd erofgefall ass. Ma wéi e Spriecher vum Weltraumkommando vun der däitscher Bundeswehr der Noriichtenagence DPA no matgedeelt huet, wier et den Objet "Falcon 9 R/B", e Stéck vun enger Rakéit vu SpaceX gewiescht, dat "onkontrolléiert" zréck an d'Atmosphär agetruede wier.
Méi genee wier et der US-Organisatioun Aerospace no eng Rakéit vum Satellittennetz Starlink, déi den 1. Februar an de Weltall geschoss gouf. Aktuell léisst d'Raumfaartfirma SpaceX vum Tech-Milliardär Elon Musk all puer Deeg Falcon-9-Rakéite starten. Bei der Falcon 9 lant déi éischt "Etage", de sougenannte Booster, nees op der Äerd. Déi zweet "Etage" vergloust an der Atmosphär.
Op Nofro vun rbb|24 hin huet de Kommunikatiounsbüro vun der Bundeswehr och nach matgedeelt, datt "onkontrolléiert" an dësem Fall net als Tëschefall ugesi géing. Den Zäitpunkt an d'Plaz, wou d'Stéck nees an d'Äerdatmosphär antrëtt, wiere virdru bekannt gewiescht. Am Géigesaz zu Satellitte kéinten Deeler vu Rakéiten net gesteiert ginn, dowéinst wier hir Fluchbunn entspriechend "onkontrolléiert".
D'Stécker wieren ausserdeem an enger Héicht vun 80 bis 100 Kilometer iwwer Däitschland geflunn. Et géing keng Erkenntnisser, datt Stéck op Däitschland fale kéinten, heescht et weider. Warscheinlech géinge se am Pazifik landen.
Esou en Antrëtt an d'Äerdatmosphär ka seng Zäit daueren, gären och emol Wochen. Wéi eng Deeler genee iwwer Däitschland ze gesi waren, wier bis ewell nach net gewosst.