WorldSkills 2026Kuckt d'Ouvertureszeremonie zu Shanghai am Livestream vu 14 Auer un

Andy Brücker
Vum 22. bis 27. September triede ronn 1.400 jonk Professioneller aus 70 Länner op enger Zort Beruffsweltmeeschterschaft zu Shanghai géinteneen un.

D'WorldSkills gëllen als déi gréisste Beruffsweltmeeschterschaft a brénge jonk Talenter aus der ganzer Welt zesummen. An Dosende Beruffer, vun Handwierk iwwer Industrie bis zu digitalen Technologien, weisen déi bescht Fachleit vun hirer Generatioun hiert Kënnen.

Zu Lëtzebuerg gëtt besonnesch op déi lëtzebuergesch Delegatioun gekuckt, déi sech an de kommenden Deeg mat de beschte Jonker aus aller Welt moosst. 6 jonk Lëtzebuerger weisen zu Shanghai wat se kënnen.

D'Ouverturezeremonie vun de WorldSkills 2026 kënnt Dir vu 14 Auer live op RTL.lu verfollegen.

Back to Top
CIM LOGO