Ronn zwou Woche laang huet d'Raumsonde "Blue Ghost" de Mound ënnersicht. Elo sinn d'Batterië wéi geplangt eidel, ma d'Aarbecht op der Äerd geet weider.

No zwou Wochen um Mound sinn d'Batterië vun der kommerzieller Raumsonde "Blue Ghost" also wéi geplangt eidel an d'Missioun eriwwer. D'lescht Nuecht sinn déi lescht Donnéeë vun der Sonde ukomm, heescht et vun der Raumfaartentreprise Firefly Aerospace. U Bord hat d'"Blue Ghost" sëllege wëssenschaftlech Fuerschungsapparater fir Experimenter vun der Nasa, déi all wéi geplangt geklappt hunn. Elo sollen déi ronn 119 Gigabyte un Donnéeën ausgewäert ginn, déi d'"Blue Ghost" op d'Äerd geschéckt huet.

Eng vun de Fotoen huet awer elo scho fir Staune gesuergt: Ze gesinn ass d'Uewerfläch vum Mound an d'Sonn, déi grad ënnergeet, zesumme mat der Äerd an der Venus um Horizont. Déi héichopléisend Opname vun der Sonde wëll d'Nasa notzen, fir d'Rätsel vun engem Donst ze léisen, deen an den 1960er eng éischt Kéier um Mound gesi gouf.

D'"Blue Ghost", déi ronn zwee Meter héich an dräi Meter breet ass, war Ufank Mäerz um Mound gelant. Woumat et schonn déi zweet kommerziell US-Moundlandung an der Raumfaartgeschicht war, nodeems ronn ee Joer virdrun der Entreprise Intuitive Machines mat der "Odysseus" déi éischt gelonge war.