Frëndlech bis an den héijen Alter - d'Irmchen, déi zu Ettelbréck de Leit wénkt!
"Bomchen" - dat ass de léiwe Spëtznumm vun der Irma Rieth-Krack. Si huet 98 Joer an dierft zu Ettelbréck ville Leit bekannt sinn.
Zanter Jore sëtzt si virun der grousser Fënster vun hirer fréierer Bäckerei, liest hir Bicher a wénkt deene Leit, déi laanscht kommen. Wien an der Avenue John F. Kennedy zu Ettelbréck spadséiert, deen dierft relativ séier d’Irmche bei der Fënster gesi sëtzen. Et ass déi Plaz, wou si fréier geschafft huet. Hiert Liewe laang huet si an der Bäckerei Bréidercher verkaaft an hire Mann huet am Keller gebak, haut ass aus dem Geschäft eng Stuff ginn. Mat 98 Joer ass d’Irmchen awer nach ëmmer top fit a liest dräi bis véier Bicher d’Woch a weess sech gutt am Alldag ze hëllefen a sech ze beschäftegen. Stonnelaang aus der Fënster kucken, mécht hir näischt aus.
Hannert dësem frëndleche Wénke vum Irma stécht awer eng emotional Liewensgeschicht mat villen Héichten an Déiften. Am Haus war ëmmer vill Liewen, hei huet d'Irma gewunnt a geschafft, a wéi d'Irma selwer seet, war et schonn eng Zort Prisong. Si konnt hei net dacks fort, net vill ënnerhuelen an et huet een ëmmer eppes misse schaffen. Fir d'Irma, Mamm vu fënnef Kanner, stoung d'Famill awer ëmmer un éischter Stell.
An engem Theatergrupp hunn de René an d'Irmche vu Waarken sech deemools kennegeléiert. D'Kenneléiere wier déi schéinsten Zäit gewiescht.

2018 huet d’Irmchen hiren eelste Bouf, den Charly verluer. E weidere Réckschlag.
D’Irma, gëtt eigentlech net gären sou genannt, dat wier hir ze aggressiv. Dofir nennt ee si Bomchen oder Irmchen. Haut genéisst déi 98 Joer al Fra hiert Liewen a vollen Zich. Et ass eng wuelverdéngte Pensioun an emol d’Joer geet et an eng schéi Vakanz an d’Tierkei. Den 19. Mee ginn 99 Joer.
