Neie Grill-Pavillon zu Munneref vu Kanner a Jugendleche geplangt a gebaut
Zu Munneref am Jugendhaus sëtzen d'Kanner net nëmmen do a spille mat der Playstation oder Darts.
Hei gouf, zesumme mat de Kanner aus der Maison Relais un engem Projet, deen am ëffentlechen Interessi ass, geschafft. Dat Ganzt huet 2023 ugefaangen an elo steet de fäerdege Pavillon niewent der ëffentlech Grillplaz zu Munneref.
Et sinn awer net nëmme Kanner aus dem verschiddensten Alteren déi zesummekomm sinn, si sinn ee richtege Grupp, dee sech d’JuKa-Gang nennt.
D’Educateure vun der Maison Relais an dem Jugendhaus hunn de Projet encadréiert. De Grupp vu jonke Schüler hu vun der Iddi iwwert déi offiziell Demanden bis zum Bau alles matgemaach. Duerch d’Hëllef vum Fierschter a vum Schräiner kruten déi Jonk och een Abléck an dës Beruffer. Esou Projete wéi déi heite sollen de Kanner aus der Maison Relais och weisen, wat genee d’Jugendhaus ass.
Well de Pavillon sech an enger Zone Verte befënnt, misst eng offiziell Demande un den Ëmweltministere geschéckt ginn. D’Äntwert huet op sech waarde gelooss. Fir datt de Projet bei de Kanner net a Vergiessenheet geréit, gouf decidéiert, eng Mini-Versioun vum Pavillon ze bauen. Dës huet d’Virfreed op d’final Resultat nëmmen nach wuesse gelooss. Dëse Projet soll de Leit dobaussen och weisen, datt déi Jonk aktiv um soziale Liewe bedeelegt sinn an een wichtegen Bäitrag an der Gesellschaft leeschten.
De Pavillon gouf a Presenz vum Minister Lex Delles an dem Buergermeeschter Steve Reckel ageweit. Beim schéine Wieder gouf den Owend ausklénge gelooss an déi Jonk hu vun hirem Wierk profitéiert.