Eng glécklech Persoun oder e Grupp vu Leit an Éisträich huet e Freideg den Owend 250 Milliounen Euro gewonnen.

Nach ni waren esou vill Suen am Lotteriesdëppen: E gléckleche Gewënner an Éisträich huet de bis ewell gréissten Jackpot vun EuroMillions gewonnen an däerf sech iwwer 250* Milliounen Euro freeën. De Gewënner huet elo 60 Deeg Zäit, fir sech ze mellen a seng Suen ofzehuelen. Bis ewell ass d'Identitéit vum Gewënner nach net bekannt.

Et handelt sech ëm dee gréissten Jackpot an der Geschicht vun der europäescher Lotterie zanter hirer Grënnung am Joer 2004. Bis ewell louch de Rekordjackpot bei 220 Milliounen Euro aus dem Oktober 2021.

D'Gewënnzuele vum EuroMillions-Jackpot waren e Freideg den Owend 10, 21, 30, 42, 45 an d'Stären 1 an 9. Néng weider Persounen hunn e Freideg ee Stär manner richteg getippt. Si kréien ëmmerhi ronn 338.000 Euro.

Den nächsten Tirage ass den 1. Abrëll mat engem Jackpot vu 17 Milliounen Euro.

*An enger éischter Versioun hate mir 243 Milliounen Euro geschriwwen.