Gratis Zuch fueren
Europa kenneléiere mat DiscoverEU

© European Commission 2024 - Shutterstock
18 Joer al, doheem an engem EU-Land, oder an engem Land dat bei Erasmus+ matmécht? Da mellt Iech elo un, fir mam Zuch gratis duerch Europa ze fueren!
Wat ass DiscoverEU?
Eng Aktioun vun Erasmus+, déi d'Geleeënheet bitt, Kultur, Geschicht a Mënsche vu ganz Europa kennenzeléieren. Mat deem Travel Pass geet et virun allem via Zuch op grouss Entdeckungsrees iwwert de ganze Kontinent. Déi Ausgewielte kréien eng DiscoverEU-Jugendkaart, déi vill Reduktiounen op kulturell Visitten, Sport, Transportmëttelen, Léieraktivitéiten, Iessen a Wunne bitt.
Wien dierf matmaachen?
- Jiddereen, deen tëscht dem 1. Juli 2006 an dem 30. Juni 2007 gebuer ass. An der Onlinedemande muss d'Nummer vun der Carte d'identité oder vum Pass notéiert sinn.
- Jiddereen, dee Staatsbierger oder Awunner ass vun engem EU-Memberstaat, oder vun engem mat Erasmus+-Programm associéierten Net-EU-Land (Island, Liechtenstein, Nordmazedonien, Norwegen, Serbien, oder Tierkei)
- Deelhuelen um Quiz op youth.europa.eu.
- Wien ausgewielt gëtt, kritt vun der nationaler Erasmus+-Agence gehollef bei de Reesvirbereedungen.
- Jonk Mënsche mat Behënnerung oder mat gesondheetleche Problemer kréie speziell Ënnerstëtzungen.
- Gruppe bis véier Leit si méiglech, wa se d'Krittären erfëlle, fir matzemaachen.
- Iwwert den DiscoverEU-Facebookgrupp si Kontakter méiglech mat anere Memberen.
HEI geet et bei d'Umeldung - leschten Delai ass de 16. Abrëll!
Am meeschte gelies