An der ganzer zweeter Hallschent vun dësem Mount sinn d'Lyriden-Stäreschnäizen ze observéieren. De Stroum u Meteoren ass bis den 30. Abrëll ënnerwee.

Nuetseilen a Fans vu Stäreschnäize freeë sech op d'Lyriden. Wéi all Joer ass dëse Stroum u Meteore bis Enn des Mounts ze gesinn. D'Lyride si Brochstécker vum Koméit Thatcher C/1861 G1. Allerdéngs wäerten Nuechten dobäi sinn, an deenen nëmme wéineg Stäreschnäize observéiert kënne ginn. E Wecker ze stellen, wäert sech awer besonnesch an der Nuecht vum 21. op den 22. Abrëll lounen. Do gëtt mam Maximum vun 14 bis 23 Stäreschnäize pro Stonn gerechent. Sollt an den Nuechte virdrun oder dono de Bléck an den Himmel méi fräi sinn, da stinn och do d'Chancen net schlecht, fir de Spektakel z'erliewen.

Stäreschnäizen erfollegräich kucken:

  • Generell gëllt déi Kéier: wat méi spéit an der Nuecht, wat d'Konstellatioun besser ass fir eng erfollegräich Observatioun.
  • Net an d'Féiss kënnt déi Kéier d'Liicht vum Mound. Dësen ass um Ofhuelen a wäert an der Nuecht vum 21. op den 22. Abrëll eréischt moies géint 5.30 Auer als schmuele Stréch déif am Osten opgoen.
  • Eng besonnesch Himmelsrichtung brauch een net am Aen ze halen, fir d'Lyriden ze gesinn, och wann hei an do recommandéiert gëtt, a Richtung Süden ze kucken. Wichteg ass virun allem, souvill vum Himmel ze gesi wéi méiglech, mat sou wéineg wéi méiglech Gebaier oder Beem an de Féiss oder soss anere Liichtquelle ronderëm. 
  • Gewinnt Iech wärend 15 bis 20 Minutten un d'Däischtert. Doduerch ginn d'Ae méi liichtempfindlech a kënnen d'Meteore besser erkennen. Dobäi net op hell Objete wéi Feier oder Displaye kucken, soss geet de gewënschten Effekt erëm verluer.
  • Maacht Iech et bequeem, mat enger Decken an engem waarme Gedrénks an der Thermoskan. 
  • Gedold hunn. Et klappt net ëmmer direkt.
  • Wënscht Iech eppes!