"Geeschterfuerer"-Livreur um Vëlo vu Beamten op A6 bei Kaiserslautern opgegraff

Net schlecht hunn d'Beamte vun der Police wuel gestaunt, wéi si dëse Geeschterfuerer op der Autobunn gesinn hunn.
D'Police hat op enger Autobunn a Rheinland-Pfalz een Iessenslivreur um Vëlo opgegraff. De "Geeschterfuerer" wollt en Dënschdeg vun der Sortie Kaiserslautern-West mam Vëlo grad nees d'Autobunn, wou hien de falsche Wee driwwer gefuer ass, verloossen, wéi hie vun enger Patrull an Zivil entdeckt gouf, esou d'Police vu Kaiserslautern.
De 34 Joer ale Livreur hat mat alle Mëttele probéiert, eng Iessensbestellung bei d'Kasär vun der Arméi an der Ëmgéigend ze bréngen. Den Navi op sengem Handy hätt de Mann dunn op d'A6 geleet. D'Beamten hunn de Cyclist a Sécherheet bruecht an hunn hie mat engem klenge Bus vun der Autobunnspolice zesumme mat sengem Vëlo an der Commande virun der Kasär erausgelooss.