D'Statu, déi en Dënschdeg als vermësst gemellt gouf, stoung op engem Feld an der Géigend vun der slowenescher Stad Sevnica, wou d'Melania opgewuess ass.

Wéi et heescht, gouf se um Fouss-Knéchel ofgeseet. Eng éischt Versioun vun der Statu aus Holz war am Juli 2019 installéiert ginn, dës gouf vun onbekannten Täter ee Joer drop allerdéngs verbrannt. Am September 2020 gouf dunn dës nei Bronze-Versioun installéiert.

D'Statu staamt vum US-Kënschtler Brad Downey, dee säi Wierk AFP géigeniwwer als "Karikatur" a Kritik un der restriktiver Awanderungspolitik vum US-President Donald Trump bezeechent huet.