Am Grand-Duché ginn et den Ament eng 35-36 verschidden Orchideeën-Aarten.

Zu Méischdref am Sauerdall ass d’Naturschutzgebitt "Däiwelskopp". Vun engem Fielskapp huet dës Regioun hiren Numm.

"Mir sinn hei um Dolomittgesteen. Den Dolomitt huet ganz vill Fissuren, wou de Steen auserneebrécht, wou sou Splécken dra sinn. Am Wanter, wann et dobausse méi kal ass, da kënnt fiicht waarm Loft aus deene Splécken eraus. Da gesäit et aus, wéi wann et géif dämpen. D’Leit hunn da gesot, hei ënnendrënner haust wuel den Däiwel. Et gesäit een den Damp schonn erauskommen", sou de Georges Moes, Agraringenieur bei der Fondatioun "Hëllef fir d’Natur", iwwer d’Hierkonft vum Numm.

Den Ament ginn et bei eis am Land nach eng 35-36 verschidden Orchideeën-Aarten. Fréier waren et iwwer 40 Zorten Orchideeën zu Lëtzebuerg. "Eng Partie si verschwonnen. Si bei eis ausgestuerwen", esou den Agraringenieur am Gespréich.

D'Zäit, an där d’Orchideeë bléien, ass relativ kuerz. Normalerweis kann ee si tëscht Mee a Juni an der Natur bewonneren. Verschidden Zorten och alt mol nach am Juli an August. D’Orchideeën am Bësch kann ee bis maximal Enn August nach gesinn. Ofhängeg ass et vum Wieder. "Wann et dréchen a waarm ass, ass d'Dauer vum Bléie relativ séier. Wa mir e kille Mee hunn oder et ufanks Juni nach e bëssi méi frësch ass, kënnen d’Orchideeën zwou bis dräi Wochen an der Bléi sinn", esou de Georges Moes. De Gros vun den Orchideeë kënnt aus dem Mëttelmierraum.

Duerch de Klimawandel aner, nei Aarten zu Lëtzebuerg?
 
"D'Bocks-Riemenzunge" hätt sech déi lescht Joren explosiounsaarteg bei eis ausgebreet. "Laanscht d’Stroossen, deelweis a Virgäertercher", esou de Georges Moes. "Eis Orchideeë si Pionéieraarten. Si kënne relativ séier reagéieren. Elo déi puer waarm Summeren hannereneen hunn derzou gefouert, dass déi Aarten direkt dovunner profitéiert hunn a sech massiv ausgebreet hunn."
 
"Jongekraut"
 
D’Purpur – Knabenkraut ass déi heefegsten Orchidee bei eis zu Lëtzebuerg. "Jongekraut" oder "Kruuchteblumm" op Lëtzebuergesch genannt.

"Vullennascht" oder "Neottia nidus-aves"
 
Dës Aart vun Orchidee fënnt ee ganz dacks an de Bëscher an der Géigend vu Beem. "Wann een déi Orchidee géif ausgruewen, dann huet si ënnen eng deck Wuerzelknuddel, déi ausgesäit ewéi e Vullennascht", esou de Georges Moes vun der Fondatioun "Hëllef fir d’Natur". "Den Ament ass si am volle Jus, ass amgaange mat bléien. Et ass eng Planz, déi am Bësch wiisst a sech esou adaptéiert, datt si ouni Chlorophyll auskënnt. Iwwer d’Bamwuerzele gëtt si versuergt. Doduerch huet déi Planz selwer versicht, Chlorophyll ze produzéieren". Iwwerall, wou Kallek am Buedem ass, fënnt een dës Orchidee.

Dréche Plaze sinn eng Oas fir d'Orchideeën
 
Laanscht d’Musel géif ee reegelméisseg vill Orchideeë gesinn, erkläert de Georges Moes. Dann och ronderëm Jonglënster a Miersch. Am Naturschutzgebitt "Aarnescht" ginn et eng 20 Aarten. "E weidere groussen Hotspot fir Orchideeën zu Lëtzebuerg sinn d’Minièren". An a Fiichtgebidder fillen d'Orchideeë sech wuel. "Ee vun de bekanntsten ass d’Sauerwise bei Housen, wou et grouss Populatioune vun Orchideeë gëtt."