En Dënschdeg den Owend war de Sonnenënnergang staark rout. Eng méiglech Erklärung sinn d'Bëschbränn a Kanada.

Besonnesch en Dënschdeg den Owend ass d'rout Faarf vun der Sonn ville Leit opgefall. D'Sonn stoung niddreg um Horizont an huet en däitleche rout-orange Schimmer gewisen.

D'Biller, déi Copernicus liwwert, weisen, dass Äschen, déi duerch de Bëschbrand entstane sinn, duerch de Wand a gréissere Loftschichte bis an Europa gedroe goufen.
 
Dës kleng Partikele veränneren d’Streeung vum Sonneliicht an der Atmosphär. Dat féiert dozou, dass virun allem d'rout a giel Liichtwellen d'Äerd erreechen, wärend déi blo Deeler éischter zeréckgehale ginn. D'Sonn erschéngt doduerch méi rout wéi gewinnt, besonnesch moies an owes, wa se niddreg um Horizont steet.

D'EU-Klimaagence Copernicus hat en Dënschdeg gewarnt, dass effektiv Damp-Wolleke vun de Bëschbränn a Kanada - sougenannte Pyrocumulonimbus-Wolleken -  iwwert den Atlantik bis an Europa gezu sinn. Dëst huet allerdéngs keng Auswierkungen op eis Loftqualitéit, well den Damp meeschtens just an den héije Loftschichten transportéiert gëtt.

Eng éischt Dampwollek gouf et deemno den 18. an 19. Mee am Mëttelmierraum, eng zweet an och méi grouss war an der leschter Mee-Woch am Nordweste vun Europa ukomm. Et kann net ausgeschloss ginn, dass nach weider Dampwolleken iwwer Europa zéien.

Zäitweis huet et a Kanada op iwwer 100 Plaze gebrannt. Aussergewéinlech Dréchent a vill Loft hunn d'Feier ëmmer nees ugestëppelt an dofir gesuergt, dass sech d'Flamen ausbreede konnten. Ma et sinn net just dës Bränn, zousätzlech suerge gréisser Bëschbränn zanter Abrëll am Südoste vu Russland fir Problemer. Dës Dampwolleke sinn a Richtung China an Nordjapan gezunn, anerer hunn déi héich Arktis erreecht.