Zu Berlin sinn dräi Poliziste festgeholl ginn, well si bei virgetäuschte Verkéierskontrollen Automobiliste geziilt Suen ofgeknäppt hunn.

Géint déi dräi Männer an ee weidere Beschëllegte besteet de Verdacht vu sougenanntem "Bandendéifstall", wéi d'Police an de Parquet en Donneschdeg matgedeelt hunn. Wunnengen, Policebüroen a Privatautoe wieren duerchsicht ginn. Och ee Locatiounsauto, dee vum véierte Beschëllegten, gouf vun der Police duerchsicht. Handyen an Opzeechnunge goufe saiséiert, a sollen ausgewäert ginn.

Bei de beschëllegte Beamten handelt et sech ëm en ieweschte Policekommissär, e Policekommissär an e Policemeeschter. Am Abrëll solle si mat gefälschte Pabeiere Policekontrolle virgetäuscht hunn. Engem Chauffer zu Berlin-Pankow solle se 500 Euro ofgeholl hunn, engem anere Mann aus Charlottenburg op d'mannst 8.000 Euro.

Déi dräi Beamten, déi festgeholl goufen, sollen nach en Donneschdeg virun den Ermëttlungsriichterum Amtsgeriicht Tiergarten kommen.