De Marc sammelt Sue fir d'Organisatioun, déi Leit, déi Broschtkriibs oder änlech Erkrankungen hunn, ënnerstëtzt an hinnen zur Säit steet.

Den 9. Juli waren et genee zwee Joer hier, datt dem Marc seng Boma gestuerwen ass. Als Hommage u si leeft hien aktuell all Dag e Marathon, gläichzäiteg wëll hien awer och Sue fir de gudden Zweck sammelen.
 
De Marc huet 33 Joer a schafft zu Bouneweg an engem Architektebüro. Déi lescht Deeg huet hien all Dag normal geschafft, ma just de Feierowend, dee war e bësse méi speziell. Hien huet sech nämlech virgeholl, bannent 10 Deeg 10 Martahonen ze lafen. Hie wollt eppes maachen, fir u senge Boma ze denken. D’Andrée Peters ass virun zwee Joer gestuerwen, ënnert anerem u Broschtkriibs. Fir de Marc louch et op der Hand, datt hien eppes wëll maachen, fir u si z'erënneren a gläichzäiteg wollt hie Sue fir de gudden Zweck sammelen. Via gofundme.com kann een hien ënnerstëtzen a sou ginn d'Sue fir Think Pink Luxembourg gesammelt. Haut um Donneschden leeft hie säin 9. Marathon hannerteneen an e Freideg den Owend ass den Challenge dann eriwwer.

All Dag geet et no der Schaff lass, fir de Kierper ass dat natierlech och eng riseg Erausfuerderung, obwuel de Marc immens sportlech ass. Triathlon a scho Mol deen een oder anere Marathon stoungen an de leschte Jore bei him um Programm. Wann een dann awer op eemol all Dag muss e Marathon lafen, dann ass dat schonn en anere Pensum. Eng 3.000 Kalorië ginn all Kéiers verbrannt, dofir brauch en ënnerwee och déi néideg Riegelen a Gelen. Am Dag huet en och eng Massage-Pistoul, mat där hien de Been hëlleft, méi scheier ze regeneréieren. No senge Leef steet dann an der Reegel och nach Sauna an eng Äisbidden um Programm.
 
Begleet gëtt hien iwwert déi 10 Deeg vu senger Mamm, si fiert um E-Bike hannendrun. Och Kolleegen hate sech an de leschten Deeg schonn heiansdo ugeschloss a si mam Vëlo matgefuer wärend de Marc huet misse lafen. 3 Stonnen an 30/40 Minutte brauch hien an der Reegel fir déi 42 Kilometer. A wie selwer emol wëll matlafen, kann dat dëse Freide maachen. Rendez-vous ass dann tëscht 19h30 a 19h45 op der Kinnekswiss, da kann een déi lescht 5 Kilometer mam Marc lafen. Nach kann een och Sue spenden, bis ewell sinn eng 4.100 Euro zesummekomm.