"Ech kommen ëmmer erëm gären heihin zeréck!"
Och dëse Summer huele prominent Lëtzebuerger eis mat op hir Liblingsplaz an huele sech Zäit fir e längert Gespréich.
Hien ass ee vun de bekanntste lëtzebuergesche Journalisten – de Philip Crowther schafft fir d’Noriichtenagence Associated Press a wunnt an den USA. Egal ob Ukrain, Israel, oder dat Wäisst Haus, hien ass ëmmer do wou Geschicht geschriwwe gëtt. International bekannt ass hie ginn, well en a sechs Sprooche live kann op der Tëlee präsentéieren – Milliounen Tëleesspectatueren op alle Kontinenter kann hie sou erreechen. Hei zu Lëtzebuerg koum hien op d’Welt, an ass de Bouf vun engem brittesche Papp an enger däitscher Mamm. Doheem gouf Englesch an Däitsch geschwat, déi perfekt Mëschung fir spéider.

An der Stad ass hien ënner anerem an den Athenée gaangen. Seng éischt journalistesch Schrëtt huet hie bei Radio Ara, RTL a Radio Latina gemaach, iert et dunn op Paräis an an d’USA gaangen ass. Fir seng Aarbecht gouf hie scho puer Mol ausgezeechent, notamment och op Nationalfeierdag a krut do den Ordre du Mérite. Am RTL-Interview zielt hien eis, wisou him Lëtzebuerg dach awer sou wichteg ass, wisou säi Beruff säin Dramjob ass a wéi eng Sprooch hien eventuell nach emol wëllt léieren.
An der Emissioun Promispot weisen eis bekannt Leit aus Lëtzebuerg dëse Summer hir Liblingsplaz, a mir profitéieren dovunner, d‘Persounen och besser kennenzeléieren. Mat dobäi dëst Joer sinn ënner anerem Serge Tonnar, Eric Mangen a Gast Waltzing.