Mat Waasserfontän an d'Pensioun geschéckt
Fir e Pilot vun der Cargolux war et en Dënschdegmëtteg säi leschte Vol als Pilot. D'Pompjeeë stounge prett fir e besonnesche Brauch.
Dënschdegmëtteg um Findel: E Fliger vun der Cargolux lant um Fluchhafen. Am Cockpit e Kapitän op sengem leschte Schaffdag. Um Tarmac stinn d'Pompjeeë mat hire Gefierer prett. Net well et eng Urgence gouf. De Fliger an d'Crew goufe mat enger Waasserfontän um Fluchhafe begréisst. Am Cockpit souz nämlech e Pilot, dee säi leschte Vol hat. Elo wénkt d'Pensioun.
De Fluch vu Baku (Aserbaidjan) hat de Callsign CLX 384 - d'Bezeechnung vum Fliger am Tower bei de Fluchlotsen. D'Kennzeeche vum Cargolux Fliger ass den: LX-VCD
Et wär de Brauch ënnert anerem bei der Cargolux engem Pilot, deen an d'Pensioun geet, op des Manéier Äddi ze soen. Aus Dateschutzgrënn war et eis awer net méiglech, den Numm vum Fluchkapitän (Pilot) gewuer ze ginn.
Déi ganz RTL-Ekipp wënscht eng flott Zäit an der Pensioun.