Zanter enger Woch ass den Hesper Lift a Betrib
Virun allem den Accès zu de Sportsinfrastrukture soll esou méi einfach ginn.
Wie séier vum Gronn oder dem Pafendall an d'Uewerstad wëllt, dee kann a béide Fäll de Lift huelen. Ma zanter enger Woch huet nieft der Stad och nach Hesper ee Lift, deen zwee Quartiere matenee verbënnt an zwar den Zentrum mam Holleschbierg. Dëse soll méi wéi een interessant Fotomotiv fir Touriste sinn a virun allem den Hesper Leit hiren Alldag erliichteren.
En ass 35 Meter héich, besteet aus Bëtong, Stol an Aluminium a gëtt duerch eng 40 Meter laang stole Passerell mam Holleschbierg verbonnen. Wien duerch Hesper fiert, dee kann de Lift, deen als moderne Pendant vum Tuerm vun der Buerg geduecht ass, bal net iwwersinn. Bis zu 25 Leit hunn an der Kabinn ouni Problem Plaz an eng Faart dauert ronn 30 Sekonnen. Um Fouss vum Lift ass eng geséchert Plaz fir de Vëlo ze stellen, déi nach net a Betrib ass, mee geschwënn d'Bikebox op der anerer Stroossesäit ersetze wäert. Wat de Bau vum Lift ugeet, sou war net all Etapp d'selwecht evident.
Diane Adehm (Hesper Buergermeeschtesch):
"Den Tuerm u sech ass zimmlech aus engem Goss gebaut ginn. Wat e bëssi méi speziell war, dat war d'Passerell, déi mer do uewen opgeriicht hunn, well d'Passerell ass u sech op eng aner Plaz geliwwert an zesummegeschrauft ginn an dunn hu mer se de 14. September am leschte Joer mat engem spezielle Laaschtekran eropgehuewen an dunn ass se do uewen installéiert ginn."
Am Fong sollt de Projet 6 Milliounen Euro kaschten, um Enn wäerten et der awer wuel 7,5 Millioune sinn.
U sech war de Lift Deel vun der geplangter Ëmgestaltung vun der Place Pol Jomé, mee well déi nach eng Zäitchen op sech waarde loossen dierft, huet een de Bau virgezunn.
"Eis Schoulklasse kommen eropturnen, eis Veräiner trainéieren hei uewen an dunn huet et an eisen Ae Sënn gemaach, fir de Lift aus dem Projet erauszehuelen, virzezéien, deen direkt ze bauen, fir ze verhënneren, datt nach vill mat Busser hin an hier gefuer gëtt, datt d'Elteren hir Kanner op den Training féieren. Du sote mer einfach, dat heiten ass eng flott Saach, wou d'Kanner kënne mam Vëlo kommen, d'Schoulklasse kommen zu Fouss hei hin an da fuere se mam Lift erop an da si se direkt bei all eise Sportsinfrastrukturen."
Ma och wann et kee Bling-Bling-Projet wier, kéim en awer gutt bei den Touristen un. Och wann den Touchscreen nieft dem Lift e bëssi méi séier kéint sinn.
Speziell sinn iwwregens zwee Detailer: Éischtens ass de Lift e bëssi schif, dat fir datt d'Passerell esou installéiert konnt ginn, datt esou mann wéi méiglech Beem hu mussen ëmgeha ginn. An zweetens leien den éischten an den zweete Stack grad emol ronn 30 Zentimeter an der Héicht auserneen. Wie sech am Stack iert, muss also net onbedéngt d'Trap huelen.
Wann de Stroum eng Kéier ausfale sollt, huet een et also deemno wéi net wäit.
Op hesperange.lu fënnt een ënnert anerem Fotoe vun der Inauguratioun, do sinn och déi eenzel Bauphas vum Ascenseur Holleschbierg dokumentéiert.