"Jiddereen huet den Zuch gär - ausser déi, déi hannendru stiechen"
Mir waren u Bord vum Zichelchen an hunn de Lokfürer an d'Passagéier gefrot, wat en esou besonnesch mécht.
Den "Zichelchen" fiert zanter 1986 a bitt historesch Stad-Touren a siwe verschiddene Sproochen. "Jiddereen huet den Zuch gär - ausser déi, déi hannendrun stiechen", seet Luc Reis, Direkter vu sightseeing.lu, mat engem Laachen.
Nieft him bereede sech zwee Zichelcher vir, fir aus dem Depot zu Märel a Richtung Rham-Plateau fortzefueren, wou Visiteuren eng herrlech Vue op d’historesch Alstad vun der Stad Lëtzebuerg genéisse kënnen.
De Marwan Hassan, ee vun de Chaufferen, ass beschäftegt mam Opriichten: Schëlder placéieren, Tickete preparéieren an den Info-Stand opbauen - grad nach rechtzäiteg, fir déi éischt Passagéier ze empfänken.
"Wéi ech 2009 fir d’éischte Kéier zu Lëtzebuerg war, sinn ech selwer als Tourist mam Zuch gefuer. Haut sinn ech deen, deen e fiert", seet de Marwan mat engem Laachen. Hien ass a Libanon gebuer.
Ier hie sech virun zirka sechs Joer zu Lëtzebuerg néiergelooss huet, huet de Marwan als Kameramann geschafft a souguer professionell Fussball gespillt. Haut deelt hie seng Zäit tëschent Gaardenaarbecht an - zanter Abrëll - dem Fuere vum Touristenzuch duerch d'Stad.
Wärend hie sech duerch d'Stroosse beweegt, wénkt hien de Foussgänger an zaubert de Kanner e Laachen op d’Gesiicht. An de schmuele Gaasse vum Pafendall gréisst hien d’Awunner - vill kennen hie scho vu senger deeglecher Streck.
"Wat ech am léifste maachen, ass mat de Leit schwätzen. Hei sinn esou vill Nationalitéiten. Ech tuten, d’Leit dréinen de Kapp, ginn interesséiert, an ech luede se an, matzefueren."
Lëtzebuerg: Kleng, gréng a perfekt fir e kuerze Besuch
"Ech war bei menger Famill an Holland op Besuch, a mir haten d’Iddi, Lëtzebuerg ze besichen, well et dat Land mat dem héchsten BIP pro Kapp ass“, seet d’Pria, eng Amerikanerin aus New Jersey, déi mat hiren zwee klenge Kanner reest. "Ech war ëmmer scho virwëtzeg op d’Kultur an d’Geschicht. No dëser Zuchrees war ech iwwerrascht a begeeschtert. Ech fannen d’Festung an déi al Buerg faszinéierend - et ass wonnerschéin.“
Eng Grupp vu spueneschen Touriste klëmmt an ee vun de Waggonen an ass frou, datt den Audioguide och op Spuenesch verfügbar ass. "Mir sinn hei zu Lëtzebuerg fir e Land ze entdecken, dat een an e puer Deeg gutt erkënnege kann“, seet ee vun de spuenesche Visiteuren. "Et ass kleng, mee ganz charmant, mat vill Gréng a villen oppene Flächen,“ ergänzt e klengt Kand, dat matfiert.
Den Tour mam Zuch dauert ronn 40 Minutten. Wann eng Grupp erausklëmmt, klëmmt eng nei, interesséiert Passagéiergrupp nees an den Zichelchen eran. Dorënner ass och eng Koppel aus der Belsch, déi hire 14. Hochzäitsdag mat engem Besuch zu Lëtzebuerg feiert.
Mee d’Passagéier sinn net nëmmen Touristen. Mir hunn u Bord och eng Famill fonnt, déi zu Lëtzebuerg wunnt an esou d’Stad hiren auslännesche Frënn weist. An der Mëtt vun der Grupp sëtzt dat klengt Charlotte, dat ganz opgereegt ass.
"Dat ass meng zweete Kéier op dësem Zuch. Déi éischte Kéier war mat menger Schoul“, seet hatt. "Ech hunn et ganz gär! Virun allem, fir ronderëm ze kucken an alles ze gesinn.“
En Zuch, deen zanter bal 40 Joer duerch d'Stroosse rullt
Am Ufank ass den Zuch eng aner Streck duerch d'Stad gefuer. En ass 1986 agefouert ginn - deemools ënner dem Numm "Péitruss Express" an ass duerch de pittoreske Péitrussdall gefuer. Iwwer d’Joren hu sech souwuel d'Streck, wéi och de Zuch selwer un d’Entwécklung vun der Stad a modern Uspréch ugepasst. Haut kréien d’Passagéier Kopfhörer a kënnen tëschent siwe Sprooche fir den Audio-Guide wielen - mat Spuenesch als déi rezentst Ergänzung.
Och eng Plaz fir speziell Momenter
Den Zuch fiert all Dag vu Mäerz bis Oktober, an an deene leschte Joren huet d'Saison wéinst ëmmer méi mëllen Hierschter dacks bis an den November gedauert.
Spezialreservatiounen - vu private Fester bis Themen-Touren - maachen de Charme a Flexibilitéit vum Zichelchen aus. "Den Zichelchen ass net just fir Sightseeing", seet de Luc Reis. "En huet de Kleeschen duerch d'Stad gefouert, eng jonk bestuete Koppel vun der Gemeng op hiert Hochzäitsiesse bruecht, an eemol d’Joer huele mir d’Pensionnairen aus Op der Rhum op e speziellen Tour mat." Egal ob Tourist oder Awunner - jidderee fënnt seng Plaz u Bord.