Zu Mainz an Däitschland hunn e Mann an eng Fra fir e Policeasaz an engem Park gesuergt.

Dat, well si sech op enger Bänk an engem Park mateneen "amuséiert" hunn. Dat war nawell enger Partie Passanten opgefall, déi doropshin d'Police alarméiert hunn. Doropshin ass eng Patrull op d'Plaz komm an huet d'Donnéeë vun der Koppel opgeholl. Ausserdeem gouf e Platzverweis geschwat an eng Enquête gouf opgemaach.

Wéi et vun der Police vu Mainz heescht, wier et matten am Dag zum Tëschefall komm. Wéi et vun Zeie geheescht huet, hätten de Mann an d'Fra ganz eendeiteg Handlungen unenee virgeholl. Dat Ganzt wier en éischter ongewéinleche Virfall gewiescht.