Aus Pavillon vu Stärerestaurant Eden Rose wäert eng Brasserie ginn

Nodeems de Stärerestaurant Eden Rose am Dezember zejoert zougemaach huet, steet de Pavillon vun der Gemeng Keel kuerz virun enger Reouverture.
De Pavillon zu Keel, deen zanter der Fermeture vum Stärerestaurant Eden Rose am Dezember 2024 eidel stoung, steet also virun engem neie Kapitel. No enger Ausschreiwung vun der Gemeng war de Pavillon un den Tom Remacle, Traiteur vun Diddeleng gaangen, deen elo hei eng Brasserie mam Numm "Pavillon Ouerbett" opmécht.
"Am Moment hu mir nëmmen eng Produktiounskichen, nach kee Buttek. Wéi ech gesinn hunn, datt de Pavillon nees fräi war, hunn ech mir geduecht: 'Firwat net eisen Traiteur-Service mat engem Restaurant verbannen?'", huet den Tom Remacle eise Kolleege vun RTL Infos verroden.
Geplangt ass d'Ouverture fir de 15. Oktober. Den 1. Oktober gëtt et allerdéngs nach eng Validatiounsreunioun an der Gemeng, déi awer nëmmen eng Formalitéit dierft sinn. Ënnerschriwwen huet den Tom Remacle e Kontrakt vun 9 Joer mat der Gemeng. "Souwuel op eiser, wéi och op hirer Säit gouf et de Wonsch, sech laangfristeg z'engagéieren. Si wollten eppes, dat Bestand huet", erkläert den Traiteur.
D'Gemeng huet nëmme wéineg Konditioune fir de Site gestallt, ausser enger eenzeger Fuerderung: d'Spillplaz hannert dem Gebai misst berécksiichtegt ginn. Eng Contrainte, déi den zukünftegen Exploitant an e Virdeel verwandelt huet: "Dowéinst hunn ech e Restaurant am Stil vun enger Brasserie proposéiert, mat Snacks am Nomëtteg, Glace fir Kanner..."
Méi Informatioune fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.