De Konsum huet sech entwéckelt vu bewosste Kafentscheedungen zu engem automatiséierte Reflex, ugedriwwe vu Fast Fashion an Online-Offeren.

Verännerunge Konsumgesellschaft Deel 1

An de 70er, 80er an och nach 90er Joren huet ee sech op méi grouss Akeef gefreet – eng nei Televisioun, e Kleed oder souguer eng Rees, dat war deemools nach e grousst Evenement an eng grouss Ausgab.

Mam Opkomme vu Fast-Fashion-Kette wéi Zara, H&M a méi spéit Shein, huet sech dat geännert: All Woch nei Kollektiounen, bëlleg Präisser, séier Trends. Eng Greenpeace-Analyse weist: Leit a Westeuropa kafen am Duerchschnëtt 60 Kleedungsstécker d’Joer, vill dovu ginn nëmme wéineg ugedoen oder bleiwe mat der Etikett am Schaf hänken.

RTL

© AFP

Online-Plattforme wéi Shein, Temu oder AliExpress hunn dëse Rhythmus nach beschleunegt. Produite ginn direkt aus China geliwwert, dacks mat gratis Versand. Eng Recherche vum Brittesche Medienhaus Channel 4 huet gewisen, dass Fabricksaarbechter do zum Deel nëmme 4 Cent pro Kleedungsstéck verdéngen. Der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) no leie Salairen a munche Fabricken tëscht 300 an 1.000 Euro de Mount, bei 12-Stonne-Schichten an deelweis onmënschleche Konditiounen.

An dat huet säi Präis. D’UN-Ëmweltagence (UNEP) schätzt, dass d’Moudindustrie tëscht 8 an 10 Prozent vun de weltwäiten CO₂-Emissioune verursaacht. Donieft landen all Joer Milliounen Tonne Kleeder a Länner wéi Ghana oder Chile um Tipp.

RTL

© RTL Grafik

Manner kafen, mee besser – eng nei Entwécklung

Trotz dem Plus u Shopping-Méiglechkeeten an dem Materialismus, schéngen Ännerungen a Siicht ze sinn. Vill Leit wëllen net méi ëmmer méi, mee éischter besser a méi nohalteg kafen. Eng Etüd vun Euromonitor International weist, dass e groussen Deel vun de Konsumente bereet ass, méi fir Produiten ze bezuelen, wann dës fair a qualitativ héichwäerteg hiergestallt sinn.

Verännerunge Konsumgesellschaft Deel 2

Dat gesäit een un der wuessender Nofro no Bio-Produiten a lokalen Hiersteller, Fair-Trade-Marken a qualitativ méi héichwäerteg Miwwelen oder Kleedung, sou wéi och Second-Hand a Reparatur amplaz Neikaf.

Populär sinn och sougenannt No-Buy-Challenges: Eng Zäit laang, ee Mount, sechs Méint oder souguer e ganzt Joer, ginn nëmmen nach déi Saache kaaft, déi wierklech noutwenneg sinn. Eng Etüd vun der University of Cambridge huet gewisen, dass Leit, déi esou eng Challenge matgemaach hunn, sech dono méi fräi, méi zouversiichtlech a méi bewosst am Ëmgang mat Ressourcë fillen.

@yourbrainonmoney

When you do a no-buy challenge, it can feel like withdrawal. Here's the psychology behind it

♬ original sound - Hanna Horvath, CFP®

Parallel dozou gëtt Wuelstand ëmmer manner iwwer d’Zuel vun Objeten definéiert, mee iwwer Zäit, Gesondheet a Liewensqualitéit. Amplaz de Schaf ze fëllen, wielt een éischter d'Investitioun an eng Rees oder an eng Aktivitéit.

Erliefnesser amplaz Objeten – wou d’Suen haut hifléissen

Dësen Trend spigelt sech och an den Ausgaben: bezuele fir eppes ze erliewen amplaz Géigestänn, déi sech doheem stapelen, ass déi nei Tendenz. Dem Global Wellness Economy Report no ginn all Joer iwwer 5 Billiounen US-Dollar weltwäit an d’Wellness-Industrie investéiert mat Schwéierpunkt op Reesen, Spa, Selfcare a Gesondheet.

RTL

© RTL Grafik

D’Euromonitor-Zuelen ënnersträichen: No der Pandemie ass d’Loscht ze reese méi grouss wéi jee. An Däitschland leien d’Auslandsreesen aktuell 15 % iwwer dem Niveau viru Covid. Och bei eis ass d’Tendenz kloer: Amplaz nei Gadgeten ze kafen, investéiere mer vill éischter an eng Vakanz, e Wellnessweekend oder an Erfarungen, déi laang am Gediechtnes bleiwen.

Verännerunge Konsumgesellschaft Deel 3

Dozou kënnt e staarke Wuesstem am Gesondheetsberäich: Enger Analys vu McKinsey no si 70 Prozent vun de Konsumente bereet, méi fir hir Gesondheet a perséinlech Schéinheet auszeginn. Vitaminnen, Proteinpolver, natierlech Kosmetik, Collagen oder Adaptogenen sinn aus dem Rayon net méi ewechzedenken. Gesondheet gëtt zum neie Luxus. Eng Investitioun, déi vill méi wichteg ass wéi den neiste Modell vum Smartphone.

D’Entwécklung geet fort vum ongebremste Konsum hin zu méi bewossten, geziilten Ausgaben. Fir e puer heescht dat Minimalismus, fir anerer „Quality over Quantity“. An ëmmer méi Mënschen definéieren "sech eppes Guddes doen" iwwer Zäit, Fräiheet an Erfarungen, net iwwer déi nächst Shoppingtour.