Vum Wulltirang bis bei de Pabeiersbierg - de Beruff vum Uerdnungscoach kléngt exotesch, kann awer vill Zäit, Stress a Suerge spueren.

Wie kennt et net? De Kleederschaf platzt, d'Pabeiere vun de leschte Woche leien all op engem Koup oder de berüümten Tirang, wou einfach all Klengegkeet eragehäit gëtt, wat grad iergendwou trëllt. Déi meescht vun eis wäerte sech op d'mannst bei engem Beispill erëmfannen. Entweeder et fënnt ee sech domat of, oder awer et rappt ee sech a suergt fir Uerdnung.

Da ginn et awer Fäll, déi vum Selwe keng Struktur fannen an eng Hand vu Bausse brauchen. Do kënnt den Uerdnungscoach an d'Spill. Zu Lëtzebuerg ass dat net ganz verbreet. Zënter e puer Joer huet d'Conny Reuter vun der Musel sech et awer zur Aufgab gemaach, an der Grenzregioun fir Uerdnung ze suergen.

Vun der Bank eriwwer bei d'Raumen

Laang huet d'Conny Reuter op enger Bank geschafft a gouf hei schonn ëmmer vun Aarbechtskolleege fir hir Uerdnung bestaunt. Alles geraumt hunn, ass eppes wat d'Lëtzebuergerin schonn aus hirer Kandheet kennt. Och hir Mamm wier eng immens uerdentlech Persoun an hätt et esou virgelieft. Wéi d'Conny Reuter vill krank gëtt a mierkt, dass och d'Aarbecht op der Bank si net zefridde mécht, hëlt si grad ganz am Ufank vun der Pandemie d'Decisioun, den Job ze wiesselen. Si wëll de Leit hëllefen, Uerdnung och an hiert d'Doheem ze bréngen.

An d'Hëllef gëtt gutt ugeholl. D'Conny Reuter ass permanent am Asaz a ka mëttlerweil vun hire Raumaktioune liewen. Natierlech huet si awer och Weiderbildunge gemaach fir hire Clienten e gudde Service ze bidden.

Nom éischte Kontakt geet et direkt un urappen. An den éischte Schratt schéngt radikal. "Virum Raume kënnt nach eng Kéier de grousse Chaos. Mir geheien alles op e Koup an dat gëtt fir d'éischt auszortéiere. Dat ass e wichtege Schratt, well ee sou mol gesäit wat een alles huet."

RTL

Beispill-Foto / © C.M. Zijderveld/Pixabay

"Duebel an Dräifach kafen, well ee vergësst, wat een huet"

En Donneschdeg goung et bei RTL ënner anerem ëm iwwerméissege Konsum an den aktuelle Wandel vum Kafverhale bei de Konsumenten. An iwwerhaapt mol ze wëssen, wat een doheem alles huet, ass eng Méiglechkeet onnéideg Ausgaben ze verhënneren. Dass d'Cliente gäre mol munches zweemol oder dräimol besetzen, ass nämlech heefeg de Fall, well et sou verstoppt war, dass ee komplett vergiess huet, dass een et schonn hat an et nach eng Kéier kaf huet. 
"An dat ass fir mech e vun de grousse Problemer vun Onuerdnung an och Grond fir méi Konsum", sou d'Conny Reuter.

Dofir ass fir den Uerdnungscoach eppes besonnesch wichteg: Alles brauch eng fest Plaz. An am beschte soll dëst esou zortéiert sinn, dass ee fest Weeër respektiv fest Routinnen a sengem Doheem huet an direkt alles beienee fënnt. Esou erspuert ee sech zum Beispill Moies vill Zäit, éiert een aus dem Haus geet an et kënnt een net ze spéit, well een de Bidong oder de Laptop nach iergendwou sicht.

Uerdnung ass also net nëmmen eppes fir d'An, mee "et fillt ee sech méi fräi et ass ee méi entspaant, et spuert een Zäit am Alldag an et huet ee méi Zäit fir déi schéi Saachen am Liewen", sou d'Conny Reuter.

An dat zitt si och bei sech Doheem esou duerch. Alles huet seng Plaz. Den Uerdnungscoach weess ganz genee, wat wou an hirer Wunneng ass. A wou ee Struktur huet, kënnt et guer net zum grousse Chaos. "Wann ee mol raume muss, da geet et vill méi séier, well ee jo weess, wat wou hi kënnt."

D'Zil wier et net an engem Musée ze liewen, wou alles perfekt ausgesäit. Et géif drëms goen, dass d'Persoun sech doheem einfach wuelfillt. Dofir passt d'Conny Reuter sech och individuell un hir Clienten un. "Deen ee wëll einfach mol e bëssen Uerdnung hunn. Do geet et duer wa mir bëssen zortéieren, an eenzel Këschte raumen a beschrëften. Anerer soe sech: Wa schonn, da schonn. Se wëlle mat schéine Këschten oder Behälter schaffen, wéi een dat dacks op Instagram gesäit. Mee Instagram-Schief sinn net d'Zil. Et geet drëm, dass deejéinegen sech wuel fillt."

Fir ze sortéieren notzt den Uerdnungscoach gären alles, wat schonn do ass - Këschten, Dossieren a villes méi. Vir ze verhënneren, dass hir Clienten ongewollt nach méi Suen ausgi fir Materielles, bréngt si awer och ëmmer eidel Schongkëschte mat, déi si vun zwee Schongbutteker gestallt kritt. Esou kréien dëst en zweet Liewen a si beim Client doheem hëllefräich, fir kleng Saachen ze verstauen.

Och alles wat auszortéiert gëtt, kritt en zweet Liewen. "Bei all Client huelen ech bal eng ganz Mall voll mat a spenden dat un Organisatiounen aus der Regioun, well och hei ginn et genuch Leit, déi net vill hunn. An et fält de Leit och méi einfach eppes lasszeloossen, wa si wëssen, dass et en zweet Liewe kritt bei Leit, déi et wierklech brauchen." 

Vun allem dobäi, souwuel bei de Saache wéi och bei de Leit

Et kéint ee mengen, engem Uerdnungscoach säin typesche Client wieren déi sougenannte Messien. Also Leit, déi dacks aus psychesche Grënn Saachen usammelen a sech net dovun trenne kënnen. Ma tatsächlech ass dat awer net de Fall, wéi d'Conny Reuter am Interview erzielt. Et wiere vill eeler Leit respektiv pensionéiert Leit, déi einfach ee brauchen, fir eng Hand unzepaken. Awer och Persounen aus ënnerschiddlechen Alterskategorien, déi zum Beispill de Keller vun der Bomi ausraume mussen oder Auszortéiere wëllen, virun oder no enger Plënneraktioun.

Do géif een natierlech och ëmmer rëm flott Saache fannen. Al Fotoen oder souguer Spillsaachen oder Haushaltsapparater, déi d'Conny Reuter souguer vun hire Grousselteren net kannt huet. Un eppes Spezifesches kéint si sech net erënneren. "Ech hu scho villes gesinn a sinn net liicht ofzeschrecken. Ech sinn do fir de Leit ze hëllefen, net fir ze jugéieren. Ech sinn do fir eng Hand unzepaken an aus Chaos Uerdnung ze maachen. Dofir muss ee sech definitiv net schummen." 

Natierlech géif een och allerlee Leit kenneléieren an dat ganz privat, vue dass een hir Saachen auszortéiert. An eppes huet d'Erfarung si geléiert: "Bei Koppelen oder Famille schaffen ech am léifste mat all eenzel Persoun eleng. Soss kënnt et dacks ongewollt zum Sträit." 

World Organization Day



Natierlech ass en Uerdnungscoach net gratis. Et ass eng Persoun, déi e Service ubitt an dofir bezuelt gëtt.

Ma wëll net jiddereen sech dat leeschte kann, organiséiert d'Communautéit Ordnungswelt, eng Organisatioun mat Uerdnungscoachen aus Däitschland, Schwäiz, Éisträich, Liechtenstein a Lëtzebuerg, all Joers um World Organization Day (20. Mee) eng ProBono-Aktioun. Dat heescht, dass d'Coache fir näischt schaffen an esou de Leit hëllefe kënnen, déi et soss net bezuele kéinten. 


Eleng dëst Joer hu bei dëser Aktioun 105 Uerdnungscoachen 515 Stonnen am Wäert vu méi wéi 40.000 Euro gespent a konnte sou mat ganz ville Leit schaffen. 









Uerdnung ass also net nëmmen e Geschäft, an och net nëmme fir seng Gäscht doheem ze beandrocken. Et ass eng Konscht, déi sech liicht léieren an ëmsetze léisst, wann ee wëll - egal ob mat oder ouni Hëllef.

An hei kuerz a knapp déi wichtegst Tipps vum Conny Reuter: 

  • Alles soll seng fest Plaz am Haushalt hunn, esou geet och raume méi séier.
  • Beschrëften ass net nëmme schéin, mee ass och vill méi iwwersiichtlech.
  • Eemol d'Woch e fixe Rendez-vous fir d'Post a seng Pabeieren ze zortéieren, sou kënnt et net zum Pabeierbierg.
  • Schongkëschten, Takeaway-Dëppercher etc. kënne fir Uerdnung suergen. Et mussen net onbedéngt nei Këschten a Behälter kaf ginn.