Den Emile Stockreiser ass 1938 zu Biekerech op d’Welt komm, an e puer Joer méi spéit an den USA Pilot vun der Air Force ginn.

Seng Geschicht ass déi vun engem Bouf mat engem décke Kapp an engem groussen Dram: Pilot ginn, an zwar net iergendwou, mee an der US Air Force.

Vu Biekerech an déi grouss Welt

Den Emile Stockreiser ass zu Biekerech opgewuess. Nom Ofschloss vun der Primärschoul ass hien ee Joer an de Lycée op Mamer gaangen, duerno huet hie seng Léier bei den CFL ugefaangen. Nodeems hien dës ofgeschloss hat, ass hien an d’Arméi gaangen. Do ass hie Sergeant ginn. Et war och do, wou d’Fléie fir hien eng richteg Fixatioun gouf.
Den Emile Stockreiser lieft net méi - an engem Interview erzielt säi Brudder Norbert Stockreiser d’Geschicht vum Emile:

“Hie war ëmmer ee mat engem staarke Kapp. Wann hien sech eppes an de Kapp gesat huet, huet hien dat och duerchgezunn.“

Den Dram vun Amerika, a wéi hien dohinner koum

De Wee Richtung USA ass duerch e Kolleeg bei der CFL ëmmer méi konkreet ginn. Deem säi Brudder war an der US-Arméi. Fir iwwerhaapt däerfen ze goen, huet de jonke Mann awer nach d’Ënnerschrëft vu sengem Papp gebraucht, well hie war nach ënner 21 Joer.

Mee et gouf och nach eng aner Hürd: d’Sprooch. Den Emile hat keng Formatioune gemaach, erzielt säi Brudder, hie krut e Grammophon an e puer Placke mat Englesch-Couren. Nuecht fir Nuecht huet hie geüübt, gelauschtert, nogesot, bis d’Sätz souzen, esou säi Brudder Norbert.

1960 ass den Emile an d’USA geflunn, ouni ze wëssen, ob säi Plang wierklech géif opgoen.

Vu Rekrutt bis Jet-Pilot

Zu San Antonio huet den Emile de militäresche Fligertraining ugefaangen. Et war haart, kierperlech a mental. Hien huet musse beweisen, datt e jonke Lëtzebuerger mat staarkem Akzent et géif packen, sech géint Amerikaner, Texaner a Piloten aus der ganzer Welt duerchzesetzen.

1964 huet hien en Diplom vun der University of Arizona kritt, an 1966 hat hie säi Piloteschäin an der Täsch. Et war dee Moment, wou de Jong vu Biekerech endlech säin Dram konnt liewen, erkläert de Brudder.

Hien war op Basen a South Carolina an zu Cambridge (England), wou hien och als Formateur täteg war.

Asaz am Vietnam

1969 ass d’US Air Force net méi nëmmen eng Aarbecht gewiescht, mee eng Missioun - den Emile Stockreiser ass an de Krich gaangen. Am Vietnam ass hien als Opklärungs-Pilot iwwer feindlechen Territoire geflunn.

Bei enger vun dëse Missioune koum säi Fliger ënner heftege Beschoss. Awer amplaz ofzebriechen, huet hien d’Manöver geflunn, d’Fotoen an d’Date gesammelt a koum erëm zréck, erënnert sech den Norbert Stockreiser, dee reegelméisseg Bréiwer vu sengem Brudder krut. Fir dës Leeschtung krut hien d’Distinguished Flying Cross, eng Auszeechnung, déi nëmme ronn 1.400 Piloten op der ganzer Welt kruten.

Kale Krich a Liewen an Europa

No Vietnam ass den Emile weider sensibel Asätz geflunn, dorënner och zu Potsdam am Kale Krich. Do huet hien aus der Loft russesch Aktivitéiten iwwerwaacht - eng Aarbecht, bei där Prezisioun, Diskretioun a Courage gefrot waren.

1974 huet hien d’Ingrid bestuet, eng Berliner Apdiktesch, a gouf Stéifpapp vun hirer Duechter Christine. Si hunn a South Carolina an zu Potsdam gelieft, ëmmer an der Noperschaft vu militäresche Basen. Den Norbert Stockreiser:

“Hien huet ni vergiess, vu wou hie kënnt. All Kéier wann en Heem op Biekerech koum, war et wéi wann en ni fort gewiescht wier.“

Pensioun, mee ni ganz um Buedem

Nom Austrëtt aus der US Air Force huet sech den Emile Stockreiser zu Garmisch-Partenkirchen néiergelooss, praktesch nieft enger US-Kasär.

An der Pensioun wollt hien eng grouss Rees op Hawaii maachen, huet awer bei engem Tëschestopp zu Atlanta e Schlag gemaach. E puer Deeg drop ass hien 2006 am Alter vun 68 Joer gestuerwen.