Dem Rocco Siffredi seng Ausso wäert wuel fir vill "Mamma Mia" suergen. Wéi e wuel op déi Iddi koum, mam Berlusconi wëllen e Pornofilm ze dréinen?

De Mario Monti, géing op jiddefalls net a Fro kommen, en hätt e vill ze vill serieut Gesiicht.

De Flavio Berlusconi wier duerfir duerchaus méi intressant fir den italienesche Porno-Star, ganz egal ob Premier oder net.

Virun e puer Deeg, huet e jiddefalls um italienesche Radio seng wuel aussergewéinlech Iddi lancéiert.

Wat den ale Staatschef wuel dovunner hale soll? Um Internet, an haaptsächlech an Italie suergt et jiddefalls fir vill Diskussiounen an ass och schonn zum grousse Buzz ginn.

Fir deejéineg déi nach net genuch vun där Wahnsinnsvirstellung hunn: De Numm vum Film steet och schonn: "Attenti a quei due!" (Opgepasst op déi zwee).

Fir den Rocco Siffredi soll dat Ganzt esou ausgesinn: "Nëmme mir zwee a vill Fraleit, ouni aner Schauspiller, dat wier dach immens... Ech hunn nach ëmmer gesot, datt de Silvio Berlusconi deen eenzege Politiker wier dee meng Aarbecht kéint maachen" erkläert de Schauspiller an der italienescher Radio-Emissioun.

Ob him säi Wonsch wuel erfëllt wäert ginn? Jiddefalls fält eis nëmmen eppes dozou an: Forza Italia!