Se ass lancéiert, vum 22. August bis den 10. September leeft déi 685. Editioun vun der Schueberfouer.

Dëst Joer si méi wéi 200 Forainen um Glacis vertrueden an et gi sech nees bis zu 2 Millioune Visiteuren erwaart. Fir vill vun hinne sinn d'Spiller den Highlight op der gréisster Kiermes vum Land. Dobäi stieche 6 Neierungen eraus, déi mir eis mol méi genee ugekuckt hunn.