Déi 685. Editioun vun der Schueberfouer ass offiziell op
D'Fouer ass zanter 17 Auer e Freideg offiziell lancéiert – an RTL war scho live op der Plaz, fir éischt Andréck ze sammelen.
Trotz Diskussiounen am Virfeld iwwer déi nei Präisser hu sech d'Leit net ofschrecke gelooss, fir scho wärend den éischte puer Stonne vun der 685. Editioun fläisseg op de Glacis ze kommen.
Sou waren d'Gaasse vun der Fouer gutt gefëllt an d'Schlaange virun den eenzele Spiller a Stänn laang.
"Ech sinn e richtege Fouer-Geck", sou de Patrick Goldschmidt am RTL Interview um Freideg. De Stater Schäffe mengt, hie wäert déi nächst 20 Deeg nach dacks bis op d'Fouer kommen.
Op d'Hausse vun de Präisser ugeschwat mengt de Patrick Goldschmidt, dat d'Offer vun der Fouer awer ëmmer nach attraktiv wier: "Also ech gesinn dat relativ gelooss. An ech mengen, de Succès gëtt eis och Recht, wéi mer dat organiséieren."
De Schäffen huet duerfir verséchert, dat d'Stand-Geld fir Forainen zanter 20 Joer d'selwecht bliwwe wier.
Lescht Preparatiounen
Scho virun der offizieller Ouverture ware mir sur Place an hunn éischt Andréck vun de Fouer-Enthusiasten agefaangen.
Um 11 Auer moies stoungen déi leschte Preparatiounen nach un. Déi lescht Äppel ginn nach geschielt. Nach war et zimmlech eidel op der Fouer. Déi eng oder aner, haaptsächlech eeler Leit, kucke sech alles nach a Rou mol un.
Mir hunn déi éischte Visiteuren no hiren Andréck gefrot
De Karl Heinz, Pensionär, ass bal all Joers hei, och dëst Joer erwaart hie sech “vill Gesellegkeet, gutt Iessen an e Béierchen ze drénken.” Hie freet sech haaptsächlech fir d’Leit hei ze treffen.
D’Schueberfouer ass natierlech och eng Occasioun fir d’Studenten, déi do hir éischt Schaff-Erfarunge kréie kënnen. Dem ganze Stress sinn si sech natierlech bewosst.
Florent (19) ass scho fir d’zweet dobäi: "Ech sinn op de Stress virbereet, d’lescht Joer waren och scho vill Leit hei. Dëst Joer erwaarden ech nach méi Stress wéi d'lescht Joer, mee ech erwaarde mer, dass mer mat Redbull gutt duerchkommen". Hie selwer wëll awer sécher nach wärend de Pausen op puer Spiller goen.
Déi vill Aarbecht sinn d’Foraine gewinnt a fir de Stress méi oder manner ze geréieren, erzielt eis de Kevin, och Student, wéi wichteg de Schlof ass: “De Schlof ass wierklech e grousse Souci op der Fouer, muss een ëmmer kucken, dass ee souvill wéi méiglech dovunner kritt.” Hien erwaart sech “eng flott Zäit hei ze hunn, an aner Studente kennenzeléieren. An natierlech Geld ze verdéngen.”
D'Annie gehéiert zu deene faszinéierte Leit, déi all Dag op der Fouer sinn. “Ech sinn e Fouer-Geck”. Si huet doheem näischt ze dinn, hei kann si iessen an drénken. Mat 70 Joer geet si nach ëmmer gär op de Breakdance an d’Bayern Kurve.
Um 12 Auer geet et da richteg lass, d’Restaurante sinn zimmlech voll an déi éischt Famille si mat hire Kanner op der Plaz. Och international Visiteure si vun der Fouer begeeschtert. D'Emma ass mat sengem Frënd, béid aus London, fir d’éischt Kéier op der Fouer. Si wollte wärend der Vakanz hei am Land mol op d’Schueberfouer luusse kommen.
Vill Jonker, wéi d’Yfke (17) si mat hire Kolleege vun der éischter Sekonn un op der Fouer. Hat erwaart sech “Sou wéi all Joers, vill Freed mat Frënn an eng gutt Ambiance.” Fir da gutt unzefänken, ass hat mat de Kolleegen op den XXL gaangen. Fir d’Iliana (17) war den XXL ganz “locker”. Um Plang steet bei hinnen, wéi bei villen anere Visiteuren och: nach vill Spiller testen an déi nächst 20 Deeg richteg genéissen.