En aussergewéinleche Joergang annoncéiert sech: déi excellent klimatesch Bedingunge brénge mat sech, dat d'Lies dëst Joer aussergewéinlech fréi ufänkt.

Datt d'Lies bei verschiddene Wënzer fir d'Precoce-Zorte schonn ugefaangen huet, respektiv elo déi Deeg lass geet, ass schonn aussergewéinlech fréi. Mä de Wënzer Raymond Kohll vun Éinen seet, datt dëst net déi éischte Kéier de Fall ass.

Drauwe prett fir d'Liest / Reportage Christian Schmit

Am Virfeld vun der Lies ass nach vill ze dinn. Esou mussen d'Maschinnen an d'Geräter, déi ee fir d'Liese vun den Drauwe brauch, all iwwerpréift ginn an och d'Kelleren, wou d'Drauwen dono hikommen, gi genee ënnert d'Lupp geholl, well hei spillt d'Hygiène eng wichteg Roll.