Kolumbien, fréier gepräägt vu Karteller a Gewalt, ass haut e Land voller Liewensfreed, Kultur a spektakulärer Natur.

Ass Är Vakanz schonn erduerch oder geet et deemnächst eréischt lass?

Mir huelen Iech elo mat op e Roadtrip duerch e Land a Südamerika, wat nach virun enger Dose Jore just duerch Kokain, Karteller a Kriminalitéit bekannt wa: Kolumbien.

Kann e sech mëttlerweil als Tourist dohin trauen a wat erlieft een? De Christian Schmit ass dohi gereest, hei seng Impressiounen.

Mat der Seelbunn iwwer Medellin

Kolumbien – entouréiert vu Panama, Venezuela, Brasilien, Ecuador a Peru – ass natierlech net just fir Kokain, mee och virun allem fir Kaffi bekannt. Et ass ee vun de gréisste Produzente vun Arabica Bounen, an eng Visitt op enger Plantage ass en absolutte Must.

Mat iwwer 1,1 Millioune Quadratkilometer ass Kolumbien enorm grouss. Eleng d'Haaptstad Bogota an den Anden op iwwer 2600 Meter huet scho bal d’Fläch vum Grand-Duché, d'Land selwer ass dann dräi an eng hallef Kéier sou grouss, wéi Däitschland. Vum Hausbierg, dem Monserrate op iwwer 3.100 Meter, kritt een en éischten Androck iwwer Dimensiounen.

A jo, et kann ee sech dohinner trauen, a mat engem Guide un der Säit, deen do lieft, ass et nach méi agreabel.

Jo, esouguer Stied wéi Medellin loossen hire Passé mat Pablo Escobar a Communa 13 hannert sech – Schnéi vu gëschter, am Sënn vum Wuert – a poléieren hiren Image als cool Stad mëttlerweil op. En obligatoreschen Tour mat der Seelbunn ersetzt hei zu Medellin de stättesche Bus, ass sécher an impressionant.

Hei gëtt engem, genee wéi zu Bogota, bewosst, dass d‘Majoritéit vun der Populatioun an de Stied lieft. Eraus op d’Land, wou grad emol 43 Awunner op de Quadratkilometer wunnen, begéint een direkt vill manner Leit. Do huet een dann och Plaz, fir déi sëllege Kaulen an der Strooss ze ëmfueren.

Jo, et heescht op alle Fall, Zäit a Gedold matbréngen, fir Land a Leit e erliewen. Well et gi ganz vill Stonnen am Bus, wann een net wëll déi grouss Distanze mat lokalen Airline verkierzen.

Anden, Amazonas oder Karibik Flair – alles geet. Ënnerwee op zwou Achsen erlieft ee nieft impressionante Landschaften och vill spannend Momenter. Organiséierte Chaos kéint e soen? Effektiv gëtt sech ganz gutt ënnereneen arrangéiert.

De privaten Auto, e Luxusartikel

Kolumbianer si ganz gleeweg Leit a vertrauen éischter op de Schutzengel wéi op Helm a Sécherheetsgurt. De Schutzengel ass iergendwéi ëmmer mat dobäi wa Papp, Mamm an zwee Kanner op engem eenzege Motorrad ënnerwee sinn.

Vu wéi engem Alter un dierf een da mam Moto fueren? Tjo ganz einfach, wann ee sech traut a mat de Féiss op de Buedem kënnt – den Alter spillt anscheinend keng Roll.

Op eisem Roadtrip si mir op alle Fall och kaum Presenz vun der Police begéint. Mee mat Drogen an Alkohol um Steier gëtt mëttlerweil duerchgegraff.

E privaten Auto a Kolumbien ass en deieren, wann net esou guer e Luxusartikel. Bei grad emol 320 Euro Mindestloun kee Wonner. E Führerschäin kascht dat iwwregens och.

Sou mussen déi al Gefierer dacks ganz laang duerhalen a maachen dat och wéinst handwierklechem Geschéck. De Contrôle technique gëtt hei, soe mir emol, anescht interpretéiert.

An och bei enger Pann an der Pampa, wéi mir et erlieft hunn, bleift en "tranquillo". Zäit ass eppes Relatives.

Um gudde Wee

An de Stied dann nees eng aner Klack, hei ass däitlech méi Disziplin ze spieren. Chic Limousinnen a Sportsween, déi um Boulevard defiléieren, och wann déi op kuerz oder laang wéi mir am Stau stinn. Sou vill Taxie wéi Seechomessen. An etlech Kolumbianer traue sech esouguer mam Vëlo eraus.

Besonnesch de Weekend gëtt de Vëlossport am Sënn vum kolumbianeschen Tour de France–Gewënner Egan Bernal grouss geschriwwen a carrement ganz Avenuë fir de Verkéier gespaart.

Kolumbien ass also um gudde Wee, eng touristesch Destinatioun ze ginn, déi lues a lues ëmmer méi op d'To-do-Lëscht kënnt.

Kolumbien, e villsäitegt Land mat spannende Stied, 59 Nationalparken, Panamericana a Stränn mat Karibik-Feeling. Vill Géigesätz droen dozou bäi, dass dat südamerikanescht Land zu engem Highlight avancéiert.