Wann ee Wäi mat Spruddel versetzt, ass et nach laang kee Schampes a scho guer net dierf een en als esou ee verkafen.

Dat huet e franséische Wënzer* elo missen zu sengem Pech erausfannen. Hien hat e spuenesche Wäi mat Kuelesaier an Aroma versat an als Schampes verkaaft. Véier Joer Prisong, dovun zwee op Sursis, krut e 56 Joer ale Wënzer elo am franséische Reims dowéinst. Donieft muss hien nach e puer Milliounen Euro Schuedenersatz bezuelen.

Honnertdausende Fläsche mat gefälschtem Schampes hat den Didier Chopin 2022 an 2023 verkaaft. Déi genee Unzuel léisst sech emol net aus senge Bicher erausliesen, heescht et. Och seng Compta wier nämlech "gefaked", bedauert d'Diane De Valbray, Affekotin vum Schampes-Verband.

De Wënzer hat gepanschte Wäin ënnert dem Numm "Champagne Didier Chopin" a ronn 100 anere Markennimm bedriwwen.D'Asiicht koum spéit. "Ech hunn ee Feeler gemaach, ech si ruinéiert", huet de Chopin nom Prozess gesouert. Seng Fra, déi un de Geschäfter bedeelegt war, krut zwee Joer Prisong op Sursis.

D'Koppel dierf donieft keng eege Firma méi leeden. Domat net genuch. Si dierfe fir déi nächst fënnef Joer keng Aktivitéit ausféieren, déi iergendeppes mat Schampes ze dinn huet.

Schampes dierf dat alkoholescht, spruddelegt Gedrénks nämlech just da genannt ginn, wann d'Drauwe vun Hand gelies goufen, am entspriechenden Ubaugebitt hiergestallt gëtt an e gäert an der Fläsch. Déi franséisch Bezeechnung ass dann och nach geschützt.

*An enger éischter Versioun hate mer "spuenesche Wënzer" am Artikel stoen. De Mann koum wuel aus Frankräich, mä hien huet fir seng Fraude Wäin aus Spuenien genotzt.