Zanter iwwer 30 Joer gëtt et zu Munzen d'Robbesscheier. Wat sou vill heescht ewéi: dem Robert seng Scheier. Allerlee Déieren an Aktivitéite ginn et.

"Hei zu Munzen war näischt méi lass. Et gouf kee Bistro méi an déi Jonk haten näischt méi ze dinn". Dat erzielt de Jean Zeches, Responsabel vun der Robbesscheier. Dat ass elo iwwer 36 Joer hier. "Doropshin hu si dem Robert seng Scheier renovéiert an e Kaffi do dragemaach. Relativ séier hate si sech och zwee Schaffpäerd mat enger Kutsch ugeluecht an hunn de Leit Ausflich mat der Kutsch proposéiert", esou de Jean Zeches weider.

Robbesscheier: en Natursite mat groussem Gaart

Sechs Hektar grouss ass de Site vun der "Robbesscheier" zu Munzen. E grousse Gaart an en Déierepark gehéieren derzou. D'Ardenner Schaffpäerd ass och haut nach ëmmer d'Aushängeschëld vun dëser Plaz.

RTL

© Emile Mentz

"Ewech vum Digitalen" ass d'Motto vun der Robbesscheier. D'Kanner an déi Erwuesse sinn hei an der Natur. Si sollen d'Rou genéissen an d'Geräischer vun den Déiere wouerhuelen. D'Aktivitéiten, déi ugebuede ginn, hunn alles mat Natur an Déieren ze dinn.

De Jean Zeches am RTL Interview
Et ass vill lass zu Munzen um Site vun der "Robbesscheier".

Trauliicht gëtt hei zu Munzen och gefeiert. Dat ass ronderëm Halloween. Dëse keltesche Brauch gëtt mat Zockerrommele gefeiert.

RTL

© Emile Mentz

Vu baken iwwer spadséiere goe mam Päerd bis zur Schräinerei

Schoulklassen, Crèchen, Maisons Relais oder Eltere mat hire Kanner kennen e puer flott Stonnen am Norde vum Land verbréngen. Zu Munzen ginn Aktivitéite queesch duerch de Gaart ugebueden. "Mir hunn d'Bakstuff, do bake mir mat de Kanner Äppeltäschen um Holzuewen, mir gi mam Iesel spadséieren, d'Kanner kréien erkläert wéi ee sech em e Päerd këmmert. Da gëtt et awer och nach d'Schmëdd, d'Seeërei, de Käerzen- a Wollatelier, an eis Beien",  esou d'Dana Ross aus der Robbesscheier.

RTL

© Emile Mentz

Dana Ross mat Explikatiounen
Allerlee Aktivitéite ginn ugebueden.

An all Atelier kréien d'Kanner fir d'éischt theoretescht Wëssen an duerno däerfen si selwer Hand mat upaken.

Mat Hummer a See an der Schräinerei schaffen 

Zanter 7 Joer ass de Günther George als Schräiner zu Munzen an der Seeërei aktiv. Hei däerfen d'Kanner d'Geschier och selwer an d'Hand huelen a schaffen. "Hei kréien d'Kanner an awer och déi Erwuesse gewise wéi fréier am Holz geschafft gouf." Och d'Maschinne vun deemools kréien si gewisen. "Hei kënne si selwer mam Hummer a mat Neel schaffen. A seeën däerfen d'Kanner och", dëst erzielt mir de Günther George ganz houfreg.

"Al Gattersee vun 250 Joer"

Zanter 25 Joer steet des al Maschinn elo zu Munzen. Fréier gouf si mat Waasserkraaft ugedriwwen. "Mëttlerweil hu mir scho Stécker gefleckt, déi wierklech faul waren. De Gros ass awer nach am Originalzoustand. Déi gëtt och ëmmer gewisen a kënnt och nach reegelméisseg zum Asaz. Holz fir den eegene Gebrauch vum Site gëtt och nach mat dëser aler See geseet".

De Günther George am RTL Interview
De Schräiner erzielt iwwer d'Aarbecht an der Seeërei.

D'ganzt Joer iwwer kann een op Munzen an d'Robbesscheier kommen. Am beschten ass et am Virfeld sech fir d'Aktivitéiten unzemellen. Iwwer Telefon oder um Internetsite: www.robbesscheier.lu

RTL

© Emile Mentz