Schonn als klengt Meedchen huet d’Nora hir Passioun fir d’Danzen entdeckt. Wat mat deenen éischte Schrëtt am Danzsall ugefaangen huet, ass haut zu enger professioneller Karriär ginn. Zu London schafft si als Dänzerin a Choreografin an enger Metropol, déi vill Méiglechkeete bitt, fir vum Danzen ze liewen.
Am Verglach zu Lëtzebuerg ass d’Konkurrenz grouss, mee d’Opportunitéiten och. International Auditiounen, Workshops a Battles gehéieren hei zum Alldag. Fir d’Nora war séier kloer: Wa si sech kënschtleresch weiderentwéckele wéilt, misst si de Sprong an eng Weltstad woen.
Mir hunn d’Nora bei engem spezielle House-Dance-Battle zu London begleet. Do treffe sech Dänzerinnen an Dänzer aus der ganzer Welt, fir sech am direkte Verglach ze moossen. Et geet ëm Technik, Kreativitéit, Ausdrock – an ëm Perséinlechkeet.
Fir d’Nora ass esou en Event net nëmme Konkurrenz, mee och Inspiratioun. Den internationalen Austausch präägt hire Stil a bréngt ëmmer nees nei Impulser.