Neie RekordPokémon-Kaart fir ëmgerechent knapp 14 Milliounen Euro verkaf

AFP, iwwersat vun RTL
E Méindeg ass an den USA eng Pokémon-Illustrator-Kaart mam Pikachu aus dem Joer 1998 fir eng nei Rekordzomm vu 16.492.000 US-Dollar verkaf ginn.
Eng original Illustrator-Pokemon-Kaart kann immens vill wäert sinn, wa se eng héich PSA-Wäertung huet.
© Photo by JORG CARSTENSEN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An den USA ass eng extreem seele Pokémon-Illustrator-Kaart mam Pikachu aus dem Joer 1998, déi dem US-amerikanesch YouTuber Logan Paul gehéiert huet, fir 16.492.000 US-Dollar verkaf ginn - ëmgerechent knapps 14 Milliounen Euro sinn. Domat ass en neie Rekord fir déi deierst Pokémon-Kaart jeemools opgestallt ginn.

D’Kaart ass duerch seng PSA-Wäertung vun 10, der héchstméiglecher Bewäertung fir den Zoustand vu sou enger Kaart, warscheinlech en Unikum. De Logan Paul hat se sech am Joer 2021 nach fir 5,28 Milliounen US-Dollar, also ëmgerechent knapp 5 Milliounen Euro, kaf. De Keefer vum seelene Sammlerstéck ass den AJ Scaramucci, de Jong vum fréiere Kommunikatiounsdirekter aus dem Wäissen Haus, dem Anthony Scaramucci. Dat huet Guinness World Records, déi bei der Auktioun waren, confirméiert.

Nodeems d’Kaart verkaf war, huet de Logan Paul d’Kaart, déi op enger Diamanteketten am Wäert vu 75.000 US-Dollar houng, ëm den Hals vu sengem neie Besëtzer geluecht.

Back to Top
CIM LOGO