Neien Documentaire e Sonndeg op der TëleeEn Abléck an d'Lëtzebuerger Communautéit an Argentinien

Fabienne Zwally
Vill Lëtzebuerger sinn am 20. Joerhonnert net nëmmen a Brasilien, mee och an Argentinien emigréiert – eng wéineg bekannte Geschicht, déi de Realisateur Daniel Antz elo an engem Documentaire beliicht.

Denkt een u Lëtzebuerger a Südamerika, da fält engem direkt Brasilien an – do wou och déi fréier Arbed hir Wierker hat a wou eng jett Lëtzebuerger Famillen sech néiergelooss hunn. Ma net nëmmen do ass et nom Éischten an Zweete Weltkrich eng Well vun europäeschen Emigrante ginn.

Bei engem Treffe vu südamerikanesche Famillen, déi vu Lëtzebuerger Ofstamung sinn, huet de Realisateur Daniel Antz, deen hallef Amerikaner an hallef Lëtzebuerger ass, erausfonnt, dass och vill Lëtzebuerger an Argentinien emigréiert sinn a Generatioune méi spéit elo nach ëmmer do liewen. Hien huet sech op d’Sich gemaach an aus enger Onmass u Videoen ass op eemol d’Iddi vun engem Documentaire komm.

Dovun ofgesinn hëlleft den Daniel Antz neie Generatiounen, déi Virfaren aus dem Grand-Duché hunn, déi duebel Nationalitéit ze kréien.

“Ech hunn iwwert d’Treffen héiere vu Lëtzebuerger a Südamerika. Ech war 2022 do an hunn dunn erausfonnt, dass et zousätzlech zu der Lëtzebuerger Communautéit a Brasilien, déi immens bekannt ass, och eng grouss an Argentinien gëtt. Ech hunn nach ni dovunner héieren, ma ech sot mir, et ass déi eenzeg Kéier wou ech a Südamerika sinn, komm mir gi weider a ginn op d’Sich no deene lëtzebuergesche Virfaren an Argentinien.”

Virun allem ee groussen Ënnerscheed gouf et deemools an den 1930er a 1940er Jore bei der Emigratioun a Brasilien an an Argentinien, sou den Daniel Antz: “Wéi mir bis verstanen haten, dass si an Argentinien e Kontrakt hu missen ënnerschreiwen, dass si hir Mammesprooch hu missen opginn, fir anzewanderen, wousste mir, dass déi Geschicht aneschters wier, wéi déi vun de Lëtzebuerger an Amerika a Brasilien. An dat war wierklech deen Ament, wou mir gesot hunn: Et ass esou eng eenzegaarteg Geschicht hei. Mir mussen se erzielen an engem méi grousse Format.”

D’Resultat dovunner gesitt dir dann e Sonndeg um 20 Auer op der Tëlee a vun dann un op RTL Play. Den Daniel Antz ass dann och de Sonndeg den Invité bei eis am Sonndesinterview op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO