Wierder, déi blesséieren: Den Ëmgang mat Bodyshaming
Bodyshaming ass e Probleem mat villen Aspekter. Mir hu mat zwee Betraffene geschwat.
Et war eng Ried mat ongewinnten Téin: D'Loredana Belli war 2023 Wäikinnigin zu Gréiwemaacher, hir Erfarung war awer net onbedéngt eng positiv. Dat huet si an hirer Ofschlossried thematiséiert. Well nieft de schéine Räck an de Krounen a Paraden huet si musse vill negativ Remarken iwwert hire Kierper an hiert Ausgesinn erdroen. Bodyshaming war fir si quasi Alldag. Dass elo ee Joer hier. Wéi geet et hir haut?
D'Loredana Belli huet schonn an de Méint virun hirer Kréinung Kommentaren iwwert hire Kierper héieren. Si zielt, wéi et op enger Feier war: "Ee Mann huet mech do an den Aarm geholl, fir mir ze soen, dass ech dat Schlëmmste sinn, wat dem Amt jee passéiert ass. Ech kennen hien net, ech weess bis haut net, wien et war. Och da sonndes op mengem Won war hannen e Portrait vu mir drop gesprayt vun engem Kënschtler-Kolleeg vu mir, dem Änder Scholtes. An hien hat do mat enger geschwat, a si wosst net, dass hie mech perséinlech kennt, an huet him da gesot: 'oh hues de dat ellent Déier och musse molen.'"

© Julie Thilges / RTL
Nëmmen zwee Beispiller vu villen, well och an de Méint virun der Kréinung koumen esou Kommentaren, wéinst de Piercingen, den Tattooen, hirer Fräizäitkleedung. Bodyshaming ass et net op eng eenzeg Saach begrenzt, mee geet vu bis a jidderee ka cibléiert ginn: Et kënne Remarke gemaach ginn iwwert engem säi Kierperbau, also d'Gréisst oder d'Taille oder Remarken iwwert engem säi Gesiicht, d'Hoer, Piercingen, d'Tattooen, d'Struktur vun de Muskelen.
Yannick Schumacher alias Yaya van Chique
De Yannick Schumacher ass Entertainer op de soziale Medien, an éischter als "Yaya van Chique" bekannt. Hie war schonn an der Primärschoul mat Bodyshaming konfrontéiert: "Ech hunn net verstanen, firwat dat dann elo esou problematesch ass, dass ech vläicht méi speckeg sinn, well dat krut ech oft gesot. Ech hunn et einfach net verstanen. Et ass mer einfach net an de Kapp komm. An natierlech, déi Wieder hunn einfach blesséiert."

© Julie Thilges / RTL