Knaschteg Gesiichter a vill schwaarz Uniformen: An Italien gouf vum 5. bis den 8. September dat Internationaalt Treffe vun de Schaarschtechbotzer gefeiert.

Rendez-vous war vun e Freideg un d'Duerf Santa Maria Maggiore an der historescher Valle Vigezzo am Piemont. Schonn zanter 1982 kommen hei all Joer um éischte September-Weekend Meeschter vun der aler "Zunft" zesummen, deenen nogesot gëtt, Glécksbrénger ze sinn.

D'Kréinung vun de Festivitéiten, fir déi dëst Joer eng 1.300 Leit beienee koumen, ass wéi all Joer déi traditionell Prozessioun duerch d'Stroosse vu Santa Maria Maggiore. Schaarschtechbotzer aus aller Welt zéien do an hir jeeweileg Natiounen agedeelt duerch d'Duerf. Lëtzebuerg war op dëser 42. Editioun eng éischte Kéier vertrueden, dat mat 23 Schaarschtechbotzer a Schaarschtechbotzerinnen.

D'Lëtzebuerger Delegatioun war a gudder Gesellschaft. Insgesamt kommen all Joer eng 30.000 Spectateuren aus allen Ecke vun Italien, Europa, ma och Asien oder dem amerikanesche Kontinent, fir sech de Spektakel unzekucken a sech villäicht e kleng bësse Gléck mat Heem ze huelen.

RTL