Police stoppt Mann, dee mat Formel-2-Rennwon op der Autobunn ënnerwee war
No jorelaanger Sich ass et der Police an Tschechien gelongen, ee Chauffer ze pëtzen, dee reegelméisseg Autobunnen a sengem Rennwon onsécher gemaach huet.
Eng Policespriecherin huet deemno confirméiert, datt d'Beamten e Sonndeg an engem Noutruff gesot kruten, de Chauffer vum Rennauto wier op enger Tankstell eng 40 Kilometer südwestlech vun der Haaptstad Prag gesi ginn. Direkt e puer Policepatrullen an een Helikopter hunn doropshin d'Poursuite opgeholl, bis de Chauffer schliisslech bei sech Doheem konnt gefaasst ginn.
Dat "Rout Phantom" ass een 51 Joer alen Tschech aus dem Duerf Buk bei Příbram, net wäit vun der däitscher Grenz ewech. Zanter Jore mécht hien d'Stroossen onsécher a stellt dovunner Videoen ënnert anerem op d'Videoplattform YouTube. Medieberichter no handelt et sech beim Auto ëm ee Ferrari F1 Dallara 015 aus dem Joer 2006, ee mat e puer Modifikatiounen zanter 2008 an der GP2-Serie (haut Formel 2) agesat gouf.
An engem Video, deen d'Festnam bei him Doheem an der Afaart soll weisen, ass de gesinn, datt de Mann sech wéi et schéngt de Beamte widdersat huet a fir d'éischt net aus dem Formal-2-Won wollt erausklammen. Nëmme widderwëlleg sëtzt hie sech schliisslech awer an de Policewon, den Helm nach um Kapp.
An dem Video op der Plattform Tiktok schéngt de Mann vun anere Leit a séieren an deieren Autoen op der Autobunn begleet ze ginn, wärend eng weider Persoun si filmt. Wéi et an däitsche Medien heescht, wier wuel och ee Ferrari F40 mat enger däitscher Plack mat vun der Partie gewiescht, deen dem däitschen Influencer "Gercollector" soll gehéieren.
Obwuel de Chauffer vum Formel-2-Auto weder Alkohol nach Drogen a sengem System hat, kéint him elo ee laangt Fuerverbuet an d'Haus stoen, genee wéi eng deier Geldstrof. Nieft de Verstéiss géint d'Maximalvitess ass de Formel-2-Auto nämlech och emol net fir d'Fueren op der ëffentlecher Strooss zougelooss.