Déi 190. Editioun vum Münchener Oktoberfest ass offiziell lancéiert
Um 12 Auer e Samschdegmëtteg war op der Theresienwiese zu München déi offiziell Ouverture vum 190. Oktoberfest.
De Münchener Buergermeeschter Dieter Reiter vun der SPD huet am "Schottenhammel-Zelt" mat zwee Coupen de Krunn an dat éischt Béierfaass geschloen. Duerno huet hie mat der traditioneller Expressioun "O'zapft is" d'Oktoberfest offiziell lancéiert.
Virum traditionellen "Anstich" sinn d'Brauereien an d'Wierten, déi um Oktoberfest vertruede sinn am Cortège vum Sendlinger Tor aus a Richtung Theresienwiese gezunn.
Honnertdausende Leit ware bei der Ouverture vum gréisste Volleksfest op der Welt dobäi. An den nächste 16 Deeg gi sech an der bayrescher Haaptstad nees Millioune vu Visiteuren erwaart. Zejoert waren et der 6,7, déi am Ganze 7 Millioune Liter Béier gedronk hunn.