En Dënschdeg ass e Camion a Richtung Ukrain gefuer, beluede mat mobillen Energiestatioune fir d'Ukrain.

Déi offiziell Iwwerreechung war an der Stad zesumme mam Anne Calteux, Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg an dem Honorarkonsul vun der Ukrain, de Claude Radoux.

400 Bausätz, bestoend aus allkéiers enger mobiller Energiestatioun an enger 2,8-kWh-Batterie, ginn deemno op Kiew transportéiert, déi hëllefe sollen, datt kritesch Infrastrukture wéi Spideeler, Schoulen, Crèchen an Altersheemer weiderhi funktionéieren. Déi ukrainesch Energieinfrastrukture si wéinst russeschen Ugrëff méi ufälleg.

Et ass schonn déi zweet Spend vun dëser Aart. D'Stad Lëtzebuerg hat an engem éischten Transport 19 Generatore mat am Ganzen 630 kVA souwéi 14 Busser fir d'ukrainesch Regierung, déi de Schoultransport solle garantéieren, an d'Ukrain geschéckt.