Nëmme männlech oder weiblech am Pass
© AFP
Dat héchst US-Geriicht bestäerkt dem Donald Trump seng Politik géint Transgender. Dat lescht Wuert ass awer nach net geschwat.
Den US-President Trump huet virum Supreme Court an den USA en Tëschenerfolleg bei senger Anti-Transgender-Politik erreecht. Dat héchst Geriicht huet eng Blockad vu méi niddrege Geriichter opgehuewen, mat där der US-Regierung verbuede gouf, an amerikanesche Päss nëmmen d'Geschlechter männlech a weiblech zouzeloossen.
Den Donald Trump hat schonn eng Kéier probéiert, datt een d'Geschlecht misst uginn, dat ee bei der Gebuert huet. Transmënschen identifizéiere sech allerdéngs net mat deem Geschlecht.
Dat iewescht Geriicht huet de Fall un déi ënnescht Instanz zréckginn, woumat de Fall nach net ofgeschloss ass.
Virun e puer Joer war an den USA de Kierzel X am Pass agefouert ginn, fir datt Leit, déi sech weder als weiblech nach als männlech definéieren, eng weider Optioun hunn.
Zanter senger zweeter Amtszäit suivéiert den Donald Trump allerdéngs eng streng Geschlechterpolitik. Hien huet sech ënnert anerem dofir ausgeschwat, datt Transmënschen, deene bei der Gebuert e männlecht Geschlecht zougeschriwwe gouf, net a weibleche Sportsekippen dierfe matmaachen.