Relatioun online virgetäuscht an no Sue gefrot
Sidd Dir scho mol Affer vu "Love Scamming" ginn?
© Shutterstock
Am Kader vun enger Emissioun iwwert "Love Scamming" siche mir Leit, déi schonn emol online Affer vun esou enger Arnaque goufen.
Sidd Dir selwer oder eng Persoun, déi Dir kennt Affer gi vun enger Online-Arnaque, bei där eng Persoun Iech online eng Relatioun virgetäuscht huet an Iech duerno dozou animéiert huet, Suen ze iwwerweisen oder an dubiéis Wäertpabeieren/Krypto-Wärungen z’investéieren? Fir eng Emissioun siche mir Temoignagen.
Wann Dir Är Erfarungen deelen an aner Leit warne wëllt, kënnt Dir Iech gäre per Email un dossier@rtl.lu oder un anne.wolff@rtl.com bei eis mellen. All d'Temoignagë ginn anonym behandelt.
Am meeschte gelies