E Klassiker gëtt ofgeschaaft, ënnert anerem wéinst dem Schutz vun der Ëmwelt. All Joer gi méi wéi 500.000 där Tickete kaaft.

Den traditionellen Ticket aus kräftegem Pabeier fir de Metro zu Paräis wäert geschwë Geschicht sinn. De Verkaf vun dësen Ticketen ass e Mëttwoch fir de ganze Reseau agestallt ginn, sou déi Paräisser Verkéiersbetriber RATP. Amplaz kommen elektronesch Kaarte fir opzelueden an Abonnementer grad esou wéi digital Tickete fir de Smartphone, déi vun enger gudder Partie Leit scho reegelméisseg genotzt ginn.

D'Ofschafe vun den Ticketen aus Pabeier soll och dem Ëmweltschutz déngen. D'RATP schätzt, dass all Joer méi wéi 500.000 där Billjeeë kaaft ginn. Déi meescht dovu landen an der Poubelle, oder um Buedem. Scho virun zwee Joer war de "Carnet de 10", dee besonnesch bei Touriste beléift war, ofgeschaaft ginn. Wien nach eenzel physesch Ticketen huet, kann déi nach bis an dat nächst Joer era benotzen oder méi spéit ëmtauschen.

Bei der Ouverture vum Paräisser Metro virun 125 Joer war den Ticket aus kräftegem Pabeier agefouert ginn. Zanterhier huet sech den Design vun de Billjeeën dacks verännert.