Prostituéierte-Container zu Tréier packt et op onfavorabel Lëscht

© HARALD TITTEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Een onscheinbare Container kritt den Ament a ganz Däitschland Opmierksamkeet. Leider ass awer net all Opmierksamkeet gutt Opmierksamkeet.
Virun zwee Joer huet d'Stad just déi aner Säit vun der Lëtzebuergescher Grenz ee Container opgeriicht, an deem déi Prostituéiert vum Stroossestréch Paus kënne maachen. Am Container an der Gottbillstraße am Quartier Euren gëtt et en Openthaltsraum, eng Toilette an am Wanter Schutz viru Keelt a Reen.
De Probleem? Bis ewell huet nach keng eenzeg Prostituéiert de Container benotzt.
De Grond dofir dierft wuel sinn, datt de Container zougespaart ass, an datt d'Prostituéiert fir d'éischt emol de Schlëssel zum Beispill an d'Gemeng eng 5 Kilometer wäit fort musse siche goen, ier si de Raum notze kënnen. Och de Fait, datt vill vun de Fraen hir Déngschter antëscht net méi op der Strooss, mee am Internet oder a Privatwunnengen ubidden, dierft säin Deel dozou bäigedroen hunn.
"Gutt gemengt ass net ëmmer gutt gemaach" - dat soe sech net just Kritiker vum Projet zu Tréier, mee antëscht och de Bund der Steuerzahler Deutschland e.V. (BdSt). D'Organisatioun, déi zanter 1949 d'Interesse vun de Steierzueler vertrëtt, publizéiert a sengem "Schwarzbuch" all Joers besonnesch kuriéis Fäll vu Verschwendung vun ëffentleche Suen. An an dat Buch huet et elo och den Tréierer "Sex-Container" gepackt.
Och wann en net genotzt gëtt, kascht de Container an der Industriezon, an déi de Stroossestréch virun enger Zäitche verluecht ginn ass, trotzdeem weider Suen. D'Locatioun kascht der Stad Tréier no mat Waasser, Versuergung a Poubellesservice méi wéi 5.600 Euro d'Joer. Bis Enn 2025 kommen domat wuel ronn 15.000 Euro zesummen, déi quasi d'Fënster erausgeheit goufen, rechent de BdSt aus. Der Verwaltung no kéint awer geschwënn am Gemengerot decidéiert ginn, ob de Container nach weider op der Plaz soll stoe bleiwen.
Dat géif de BdSt gutt fannen. an hirem Fazit schreift d'Organisatioun: "Datt de Projet an dëser realitéitsfriemer a bürokratescher Form net funktionéiere géif, hätt ee vun Ufank u misse wëssen. Also wannechgelift elo d'Reißleine zéien!"

De Container steet zanter dem Summer 2023 an der Gottbillstraße am Tréierer Staddeel Euren. / © HARALD TITTEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP